Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Jonk explodéieren no bannen

Fräie Mikro

Déi Jonk explodéieren no bannen

All Woch gëtt et elo nei Etüden, déi sech mat de Suitte vum Covid op eis Jugend beschäftegen. Um Terrain ass d'Situatioun ganz delikat. Den Drock gëtt all Dag méi grouss, seet d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

D'Stëmmung an de Lycéeën ass héichexplosiv. Virun allem jonk Schüler reagéiere méi heefeg op déi Pandemie mat Aggressioun, Autoaggressioun a Provokatioun. Déi bescht Frëndin gëtt am Cours haart vernannt, d'Proffe ginn ugepöbelt an d'Muttprouwen an der Klass ginn ëmmer méi absurd. D'Mediateure sinn am Dauerasaz. Si versichen, d'Kanner - a ganz Klassen - ze calméieren. Mee no engem Joer COVID si vill Jonker mat hirer Selbstbeherrschung um Enn.

Verstoppten Hëllefsriff

D'Schüler op deene méi héije Klasse verstoppen hir Nout méi diskret hanner hirer Mask. Si bleiwen no bausse manéierlech, verstänneg, mee och si sinn entretemps héichempfindlech, à fleur de peau.

Uechtert Land feelen am cycle supérieur verschidde Jonker wéinst Depressiounen oder Ängschten. Déi Couragéiertst mailen un hir Proffen an entschëllegen sech: "Madame, ech waarden zënter Wochen op en Termin beim Psycholog, Monsieur, ech sinn am Enn." Hir Maile sinn häerzzerräissend. A si weise just d'Spëtzt vum Äisbierg.

Déi meescht Schüler schloen éischter indirekt Alarm. De SePAS, de psychologeschen Déngscht an de Lycéen, ass iwwerlaf wéi ni virdrun. De Service hëlleft Jonken, déi sech ritzen, déi näischt iessen, déi wéi hunn, well se sech selwer wéi dinn. "So eppes hate mir nach ni, an et gëtt all Dag méi schlëmm", konstatéiere laangjäreg SePAS-Leit.

Schoul: Eng Zuflucht

Och op anere Plazen an de Lycéeën ass COVID-Alerte. Am Schoulradio gi provokant Wonschlidder erageschéckt, net just Lidder iwwer Sex a Gewalt, mee Lidder iwwer Doud a Suizid. E verstoppten Hëllefsruff.

D'Schoul ass fir vill Schüler eng Zuflucht ginn. An hirem Essay, dee si dem Sproocheproff ofginn, schécken si iwwerdäitlech Signaler mat: "Darkness became a companion", schreift deen een. "Devant mon écran j'attends ma liberté de jeunesse volée et les parents me répètent ça passera ", schreift en anert.

Net all Proff gëtt eens mat de staarken Emotiounen, déi déi Jonk oft ongefiltert an der Schoul oftippen, mee vill Enseignanten a Direktioune versichen ze hëllefen. Concourse gi lancéiert, Ouschtereeër verdeelt, Challenges a Projeteen annoncéiert, mee den Interessi bei de Schüler dofir ass entretemps éischter geréng.

Déi Jonk ginn net op d'Strooss, net fir Covid

Vill Schüler si midd. Si hunn es sat motivéiert ze ginn. An opgesaten Optimismus geet hinne wierklech op de Geescht: "Wir bleiben zu Hause... Was für ein Mist" schreift een am Däitschen. "Wieso zeigt man uns nicht die Wahrheit? Wieso muss immer ein Verschönerungs-Filter auf alles gesetzt werden? Das ist ja fast so, als würde man ein Bild eines somalischen Kindes mit einer leeren Obstschale... auf ein Plakat kleben und daneben in großen schwarzen Balken schreiben 'Ich liebe es auf Essen zu warten'... All das kotzt mich an."

Eng Partie Jonker sinn es midd vertréischt ze ginn, mee si ginn net op d'Strooss. Net, well si net kéinten rebelléieren. An deene leschte Joren hu si gewisen, datt si aktiv ginn, wann déi erwuesse Leit net un hir Zukunft denken. Fridays for Future ass hire Sujet. A si engagéieren sech och elo fir Déiereschutz a Recyclage, mee beim Sujet COVID bleiwen si roueg. Querdenker, déi ëffentlech optrieden a gehierlos hir eege Fräiheet fuerderen, si fir si keng Virbiller. Si gesinn, datt et keng Patentléisunge ginn, ginn sech verstänneg, solidaresch a si explodéieren no bannen.

D'Schoul ass hire Refuge, an deem si nach däerfe jäizen a Kolleege gesinn, ouni d'Corona-Reegelen ze briechen. Elo steet d'Ouschtervakanz virun der Dier. Zwou laang Wochen doheem. Hoffentlech ginn Zuelen net erop, hoffentlech ass dono rëm Schoul. An hoffentlech kréie grad déi Jonk geschwënn nees Hoffnung op besser Zäiten.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.