Nodeem déi jonk Gréng sech Ufank vum Mount zu Wuert gemellt haten, hat d'Djuna Bernard d'lescht Woch eigentlech ugekënnegt, datt dës Woch konkret Fuerderungen a Saachen nei Steiermesuren am Logementsberäich solle presentéiert ginn.
Chiffréiert Fuerderungen huet d'Partei-Spëtzt awer haut keng genannt.
Déi gréng Co-Presidentin huet nëmme gesot, datt si sech erwaart, datt d'Regierung bis 2023 een nächste Schrack beim Kampf géint d'Spekulatioun soll maachen. De Staat misst Verantwortung iwwerhuelen, fir deementspriechend steierlech Mesuren.
"Dofir ass et eis wichteg, dass dës Regierung déi nächst zwee Joer a puncto Steierpolitik esou ausriicht, datt ongenotzt Bauterrainen, Baulücken an eidelstoend Wunnengen an Zukunft méi mobiliséiert kënne ginn."
Reform vun der Grondsteier nach an dëser Legislatur
Fir méi Wunnraum ze mobiliséiere wëllen Déi Gréng donieft d'Grondsteier nach an dëser Legislatur reforméieren, esou eng weider allgemeng Ukënnegung haut. Dat wier eng Urgence, esou de Co-President Meris Sehovic ouni och hei Detailer iwwert d'Virstellunge vu senger Partei ze nennen.
D'Ziel vun enger Grondsteierreform wier méi Gerechtegkeet an och d'Mobiliséierung vun Terrainen. Fir d'éischt missten d'Diskussiounen doriwwer op Koalitiounsniveau an an der Chamber gefouert ginn, esou nach d'Djuna Bernard iwwert dësen "enorm techneschen Dossier" Grondsteierreform.