Déi Gréng: Europa-Wahlprogramm
“Europa beweegen”. Dat ass de Slogan vun Déi Gréng fir d’Europawahlen, déi sech als Ziel gesat hunn en zweete Sëtz am EU-Parlament ze kréien. Déi Gréng wëllen ënnert anerem, datt Europa manner ofhängeg vun deieren Energie-Importer gëtt an datt Liewensmëttel méi streng kontrolléiert ginn. An der Europapolitik wier eng Präsenz vu grénge Politiker néideg fir der EU-Kommissioun d’Stir ze bidden.
Eng Preferenz, ween tëschent dem Sozialdemokrat Martin Schulz oder dem Konservative Jean-Claude Juncker nächsten President vun der EU-Kommissioun soll ginn, hunn déi Gréng net.
De Bäitrag vum Simon Larosche: