Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chromeo - Words With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi dräi grouss Parteien hale sech un den Deal

EUROPAPARLAMENT

Déi dräi grouss Parteien hale sech un den Deal

D'Malteeserin Roberta Metsola ass kloer Favoritin fir Presidentin vum Europaparlament ze ginn. Dat läit un enger Ofmaachung tëscht de Sozialisten, de Liberalen an der Europäescher Vollekspartei. Dobäi ass d'Kandidatin och an deene Reien net onëmstridden.

auto_stories

4 min

Foto: picture alliance / dpa / Philipp Von Ditfurth

Déi lescht Woch war de President David Sassoli kuerz vrum Enn vu senger Amtszäit iwwerraschend gestuerwen. Haut bestëmmen déi 705 Europadeputéiert, wien an de nächsten zwee an engem hallwe Joer un der Spëtzt vum Europaparlament steet.

De Posten ass Deel vun engem Pak, iwwert déi sech d'Staats- a Regierungscheffen normalerweis eens ginn. Déi dräi grouss Fraktiounen haten deemno kuerz no den Europawalen ee Pakt ënnerschriwwen, deemno d'Presidence an der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod un d'Sozialisten, an der zweeter dann un d'Europäesch Vollekspartei geet.

Sozialdemokratesch Fraktioun hat den Terrain sondéiert

Nodeems d'Sozialisten an Europa un Terrain gewonnen haten, goufe sech an de leschte Méint awer Froen gestallt.

"Das hat damit zu tun, dass neben dem Amt des Präsidenten des Europäischen Rates, die Präsidentschaften aller anderen Institutionen bis zum Europäischen Rechnungshof in der Hand sind von Menschen aus der christdemokratischen Parteienfamilie", erkläert de Jens Geier, däitsche Sozialdemokrat.

Aus der Iddi awer, den Accord ze ignoréieren, gouf näischt:

"Die Liberale Fraktion, auf die es massgeblich angekommen wäre, hat sich auf den Standpunkt gestellt, dass diese Verabderdung zu gelten habe."

Metsola wéinst Haltung zum Avortement ëmstridden

Et wier domatt ze rechnen, datt d'Majoritéit vun den 144 Membren vun der sozialdemokratescher Fraktioun fir d'Roberta Metsola stëmme wäerten, sou de Jens Geier.

Och wann d'Malteeserin, haaptsächlech wéinst hirer Haltung zum Avortement, nach laang net jiddereen iwwerzeegt. Ob Malta ass d'Ofdreiwung weiderhin illegal an d'Roberta Metsola hat am Juni zejoert géint ee Rapport vum Parlament gestëmmt, an deem gefuerdert gouf, datt den Avortement an der EU sollt entkriminaliséiert a méi liicht zougänglech gemaach ginn.

Fir hire Parteikolleg Christoph Hansen, dee fir dee Rapport gestëmmt hat, ass si trotzdem déi richteg Kandidatin.

"Ech wäert kloer fir Roberta Metsola stëmmen, si ass eng gutt Frëndin, eng gutt Kollegin, déi sech ënner anerem vill fir d'Rechtstaatlechkeet agesat huet, wou et och ganz seriös Problemer an hirem Heemechtsland Malta gouf."

Och d'Isabel Wiseler CSV-Europadeputéiert an den Charel Goerens vun der DP stëmme fir d'Roberta Metsola, wéi si eis matgedeelt hunn.

D'Malteeserin hat déi lescht Woch een Tour duerch d'Fraktioune gemaach.

"Wat den Avortement ugeet, huet si eis versprach, si géing all d'Resolutiounen, déi vum Parlament ugehol goufen an och soss ëmmer géif d'Positiounen vum Parlament an net hir perséinlech vertrieden."

Sou den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel. Hie wollt net verroden, ob si hien ganz iwwerzeegt huet oder net. Bei der grénger Europadeputéiert Tilly Metz war dat kloer net de Fall.

"Ech si méi wéi jee iwwerzeegt, datt mir elo eng ganz progressiv Presidentin, eng authentesch Feministin brauchen a keng déi seet, ech stëmme géint ee Rapport, ma ech maachen awer dono, wat d'Majoritéit vum Parlament seet."

Géigekandidatinnen hu kaum Chancen

Änlech Kritik kënnt vun deenen Lénken, déi genee ewéi déi Gréng Géigekandidatinnen op gestallt hunn - hinne ginn awer kaum Chancen ageraumt.

Vum Pakt tëscht den dräi grousse Fraktiounen hält d'Tilly Metz net vill. "Et geet drëm inhaltlech beschte Kandidat ze wielen", sou déi gréng Europadeputéiert. Fir de Christophe Hansen awer, muss deen Accord sinn, wëll et soss, sou den CSV-Europadeputéierten, "just Duerchernee géif". Et wier legitim, dee Posten vum President ze deelen. Déi Ofmaachung géif drop berouen, datt déi Liberal, d'Sozialisten an d'Chrëschtdemokraten "gutt matenee kënnen schaffen".

Selwer kandidéiert de Christophe Hansen fir ee vun de fënnef Posten vun de sougenannte Quästoren, eng Funktioun, déi d'Astrid Lulling laang hat a wou et ëm Verwaltungs- a Finanzaufgabe vum Europaparlament geet. Hie wielt sech do fir de Standuert Lëtzebuerg asetzen, sou den CSV-Europadeputéierten. Hei gëtt et Problemer, well Lëtzebuerg wéinst ze héije Liewenskäschte net méi attraktiv genuch ass.

D'Prozedur vun de Votten kéint sech jee no de Resultater bis an Donneschdeg hinzéien.