Radioen

On air

Espresso Beats  |  Cousin Kula - Hangin' On Your Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wirtschaftsministère wëllt sech méi prezis Prozedure ginn

No Recommandatioune vun der Cour des Comptes am Dossier Fage

De Wirtschaftsministère wëllt sech méi prezis Prozedure ginn

D'Prozeduren, no deenen de Staat Terrainen an Industriezone verlount oder verkeeft, solle präzis an engem Gesetz festgeschriwwe ginn. De Wirtschaftsminister Franz Fayot reagéiert domat op d'Kriticken, déi d'Cour des Comptes an Zesummenhang mat der Vente vun engem Industrieterrain u Fage geäussert huet.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

play_arrow

2017 hat den Etienne Schneider deemools där griichescher Molkerei en Areal vu 15 Hektar an der Industriezon Wolser (tëscht Beetebuerg an Diddeleng) verkaft. De Rechnungshaff fënnt, dass déi Transaktioun net propper dokumentéiert gouf. De Franz Fayot wëllt déi Venten souwisou op e strikte Minimum reduzéieren. Industrieterrain wier eppes Rares, dat ee sech fir déi Zort Industrie sollt halen, déi een op Lëtzebuerg wëllt zéien. Et misst een eng Marge de manoeuvre behalen, fir domat Politik kënnen ze maachen, sou de Wirtschaftsminister.

Wann een an Zukunft Industrieterrain wéilt verkafen, deen dem Staat gehéiert, da misst een de Staat sech e Virkafsrecht an de Kontrakter festschreiwe loossen, mat genaue Conditiounen an engem genauen prix de rachat.

Franz Fayot: Verschiddenes gouf e bëssen "léger" gehandhabt

D'Tatsaach, datt de Staat am Fall Fage, den Terrain awer nees fir de prix de vente vu Fage zréck krut géif awer weisen, datt et fir Industrieterraine kee Marché gëtt, sot de Franz Fayot och nach.

Generell kann de Franz Fayot d'Kritik vun der Cour des Comptes awer novollzéien. Ënner sengem Virgänger Etienne Schneider wier Verschiddenes vläicht e bësse "léger" gehandhabt ginn. Et kéint een dem Wirtschaftsministère eventuell och reprochéieren, datt net gutt genuch archivéiert ginn ass an datt "vläicht alles e bëssen informell" war.

Den aktuelle Wirtschaftsminister wéilt deem elo Remedur schafen andeem hien demnächst en Avant-projet de loi am Regierungsrot wäert abrénge fir méi formell Prozeduren ze schafen. Ënner anerem soll eng Kommissioun agesat ginn, déi an Zukunft esou Dossiere soll analyséieren.