De Wahlprogramm vun der CSV

D’CSV plädéiert an hirem Wahlprogramm dofir, d’Reliounsgemeinschafte weider staatlech ze finanzéieren. Trotzdem sot de Jean-Claude Juncker den 21. September bei der Presentatioun vum CSV-Programm fir d’Neiwahle vum 20. Oktober, et dierft kee Status Quo ginn an der Fro vun de Relatiounen tëscht Kierch a Staat. De Reliounscour an der Grondschoul soll de Chrëschtlech-Sozialen no erhal bleiwen, deen an de Lycéeën duerch e Wäerteunterrecht ersat ginn.

D’Grondsteier an d’TVA misste gehéicht ginn, fir d’Betribsbesteierung proposéiert d’CSV nei, alternativ Modeller. D’Iddie vun der LSAP, fir d’Wahlrecht fir Auslänner progressiv opzemaache, fir d’Bauperimetere massiv z’erweideren a fir d’Verméigenssteier rëm anzeféiere, gi vun der CSV verworf. Bei héijer Inflatioun dierft net méi wéi eng Indextranche d’Joer ausbezuelt ginn, donieft ass d’CSV fir Ännerungen um Index-Wuerekuerf.

Méi dozou am Bäitrag vum Jean-Claude Franck, den 21. September am Owespanorama:

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen