De Wahlprogramm vun déi Lénk
Sozial Theme sinn de Schwéierpunkt vum Wahlprogramm vun déi Lénk, den den 11. September presentéiert gouf. Konkret sinn déi Lénk zum Beispill géint all Indexmanipulatiounen, fir en Erhéije vum Mindestloun a fir e Verkierze vun der Aarbechtszäit. Spillraum gesinn déi Lénk iwwerdeems bei de Recette vum Staat. Sou wären d’Steiere fir Betriber am Verglach zu aneren europäesche Länner hei am Land extrem niddereg. De Wahlprogramm vun déi Lénk wär "kéng Äntwert op alles", mee wär bewosst kuerz gehal fir "dat wichtegst wat am Moment misst geschéien" ze resüméieren, sou de Justin Turpel vun Déi Lénk.
Lauschtert de Bäitrag vum Rick Mertens: