De Wahlprogramm vun déi Gréng
“Méi Gréng. Méi Verantwortung”. Dat ass den Titel vum Wahlprogramm deen déi Gréng de 14. September op hirem Kongress zu Leideleng eestëmmeg ugeholl hunn. Op 85 Säiten sinn d’Propose vun déi Gréng zesummegefaasst. Et geet drëm d’Zukunft ze sécheren, eng gesond Ëmwelt ze präservéieren, d’Verantwortung an Europa z’iwwerhuelen, an d’Demokratie z’erneieren.
Déi Gréng wëllen iwwerdeems den net-moduléierten Index-Mechanismus rëm aféieren. Bei zukünftegen, aussergewéinleche Krisesituatioune misst di automatesch Upassung vun de Léin awer kennen ausgesat ginn, nodeems dat mat de Sozialpartner verhandelt ginn ass, esou déi Gréng an hirem Wahlprogramm.
Lauschtert de Bäitrag vum François Aulner: