Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wahlkampf vun deene Klengen

Gemengewahlen

De Wahlkampf vun deene Klengen

D'Parteie sinn am Wahlkampf net alleguerte gläich. Souguer ënnert de "klenge Parteie" ginn et nawell grouss Ënnerscheeder. Ënnert anerem déi finanziell Moyenen, dat disponibelt Personal an den Zougank zu de Medien entscheeden doriwwer, a wéi engem Mooss eng politesch Formatioun hire Message un d'Wieler kann erundroen. An deemno och, wéi héich hir Chancë sti fir gewielt ze ginn. Wéi eng Contrainten hunn d'KPL, d'Piratepartei, Déi Lénk an d'ADR, déi di grouss Parteien CSV, LSAP, DP an Déi Gréng net hunn?

auto_stories

4 min

Déi Lénk hu fir dës Gemengewahlen ongeféier 140.000 Euro zur Verfügung. "Dat meescht finanzéiere mir iwwer staatlech Suen", seet de Militant Eric Weyrich. Donieft géifen d'Deputéiert vun déi Lénk all Mount d'Hallschent vun hirer Pai un d'Partei oftrieden. Och op Gemengenniveau géif een Deel vun de Jetonen an d'Sektiounskeese goen.

Mat Bléck op d'Chamberwahlen d'nächst Joer géifen Déi Lénk versichen, de Budget net ze sprengen. Ee Problem, deen och d'Piratepartei gutt kennt. "Wou een an anere Joren zwee Joer hätt fir seng Schatztruhen nees opzefëllen, si mir hei an enger Situatioun, wou mir ganz séier nees an déi nächst Wahlcampagne ginn", seet de President vun de Piraten, Sven Clement. Och déi physesch Belaaschtung fir d'Militante misst a Grenze gehale ginn.

D'Piratepartei huet kee gewielte Mandatär. Duerch ee gutt Resultat bei de leschten Europawahle kritt si awer staatlech Suen. Fir d'Gemengewahle muss d'Partei mat 20.000 bis 30.000 Euro eens ginn. Dat ass ongeféier ee Véierel vum Budget vun Déi Lénk. D'Kommunistesch Partei huet trotz dräi Gemengeconseilleren nach manner Suen. Ëm déi 10.000 Euro, sou de President Ali Ruckert.

Manner Suen, manner Méiglechkeeten

"Vum Parteiefinanzéierunsgesetz kréie mir iwwerhaapt kee Su." De Budget fir de Wahlkampf kéim vun de Membersbäiträg. Virun de Wahle géif ee Kollekten organiséieren, fir "e Minimum vu Wahlkampf" kënne ze maachen.

A Gemengen, wou si keng Mandater huet, muss eng Partei Ënnerschrëfte sammelen a sech Attester ausstelle loossen. An déi kaschte Suen. Bei Chamberwahle wier dat nach méi komplizéiert, bedauert den Ali Ruckert. Wie manner Suen huet, deen huet och manner Méiglechkeeten.

Grouss Plakater kéint ee sech keng leeschten, an et kéint ee sech keng zousätzlech Zäit fir Spotten um Radio oder op der Tëlee kafen, seet den Ali Ruckert. "A well mir souwisou beschnidde ginn, hu mir 265 Sekonnen Zäit fir eise Spot ze weisen."

D'Alternativ Demokratesch Reformpartei géif fir d'Gemengewahle manner ausgi wéi Déi Lénk. Wéi vill manner wollt de President Jean Schoos net verroden. Fir d'ADR wier als relativ kleng Partei ee vun de gréisste Problemer deen, Lëschte mat valabele Kandidaten ze fëllen. "Mir kënnen eis et net leeschten zousätzleche Werberaum ze kafen", seet de Jean Schoos. Och an de Printmedie kéint een net sou present si wéi déi grouss Parteien.

Do it yourself

Membere vun der Piratepartei géifen d'Spotte selwer ophuelen, seet de Sven Clement. Och d'Plakater géife selwer entworf an och opgehaange ginn.

Fir d'Diffusioun vun deene wéinege Publikatiounen, déi d'Kommuniste sech kënne leeschten, zum Beispill Extra-Editioune vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, ass een op den Asaz vun de Militanten ugewisen, seet den Ali Ruckert.

Internet a sozial Medien

Den Internet a sozial Medie gi méi klenge politesche Formatiounen d'Geleeënheet, mat relativ wéineg Opwand hire Message un d'Wieler erunzedroen. Déi Lénk géife bewosst net op bezuelte Publicitéiten op sozialen Netzwierker zeréckgräifen, seet den Eric Weyrich. Vill Membere wiere ganz aktiv op Facebook fir d'Campagne ze diffuséieren.

De Sven Clement ass och der Meenung, datt Sozial Medien en Atout fir Klenger kënne sinn. "Wann een dat awer gutt wëllt maachen, muss een do quasi souvill investéiere wéi an den traditionelle Medien." Souwuel wat personell wéi finanziell Ressourcen ugeet.

D'ADR huet sech an der Vergaangenheet scho méi dacks driwwer beschwéiert, am Géigesaz zu deene grousse Parteie keng Zeitung ze hunn, déi hir nosteet. Déi sozial Medie bréngen der ADR kee bedeitenden Avantage, erkläert de Parteipresident Jean Schoos. "Et gëtt eng gewëss Clientèle, (...) déi ass guer net do present."

En Däiwelskrees

De staatleche Service information et presse huet den Zougank zu Table Rondë méi restriktiv gemaach. Duerch ee Critère, dee géigeniwwer de leschte Gemengewahlen ewech gefall ass, kënne weder d'Piratepartei nach d'KPL bei deene wichtegen Debatte matmaachen.

Ween am meeschte Suen huet, deen huet an der Politik dee gréisste Succès. A wie Succès huet, kritt weider vill Suen. Een Däiwelskrees, deem seng Auswierkungen zum Beispill iwwert d'Deckelung vun den Ausgabe kéinte geschwächt ginn, fënnt den Eric Weyrich. Dat dierft net just op lokalem, mä och op nationalem Plang geschéien.

De KPL-President Ali Ruckert proposéiert eng absolut Gläichstellung vun de Parteien am Wahlkampf. D'Piratepartei fuerdert hirersäits ee richtegt Parteigesetz, an deem all déi relevant Aspekter iwwerhaapt emol géifen iwwersiichtlech an transparent duergeluecht ginn.