D'Inneministerin Taina Bofferding ass sech bewosst, datt eng Partie Gemenge méi Problemer hu wéi anerer. Fir ze verhënneren, datt se ganz ferm op d'Noutbrems drécken, kréien déi Gemengen ënner d'Äerm gegraff, seet d'Taina Bofferding. Subsiden am Beräich vun de Schoulen an dem Equipement collectif hätt d'Inneministerin beispillsweis an d'Luucht gesat fir deene Gemengen, déi finanziell net esou gutt do stinn zousätzlech ënner d'Äerm ze gräifen.
Nieft deene Subventioune fir kollektiv Infrastrukturen kënnen d'Gemengen op aner Finanzinstrumenter zeréckgräifen. D'Taina Bofferding nennt d'Méiglechkeet vum Emprunt. Zousätzlech kéinte Gemengen och eng Ligne de préfinancement maachen, fir kuerzfristeg op Moyenen zeréckzegräifen.
D'Taina Bofferding ass awer ganz optimistesch, wat déi finanziell Situatioun vun de Gemengen ugeet. Ufanks Oktober ass eng Reunioun tëschent den zoustännege Ministèren an dem Syvicol fir iwwer d'Finanzsituatioun vun de Gemengen ze diskutéieren.