Rezent haten d'Entrepreneure gefuerdert, datt de Staat soll Logementer opkafen, déi d'Promoteuren net verkaf kréien. Wéi eng Projete vum Staat opkaaft ginn, géif no spezifesche Krittären decidéiert ginn.
Keng Urgence, mee Opportunitéit
Et géif een déi aktuell Situatioun, an där manner Wunnenge verkaf ginn, vill méi als Opportunitéit gesi fir ze handelen ewéi als Urgence, erkläert de Mike Mathias vum Logementsministère.
Et wéilt een net, datt Projeten, déi quasi fäerdeg si fir de Bau gestoppt ginn, well den Entwéckler net wéilt ufänke mat bauen. An dëse Fall sollt de Baubetrib weider goen, an dëst wier eng Opportunitéit fir an den nächsten 18 Méint weider ëffentlech erschwénglech Wunnengen ze kreéieren, seet de Mike Mathias.
Kaf ginn esou privat Projeten iwwer de Fond Special fir d'Kreatioun vun abordabelem Wunnraum. An de leschten dräi Joer wieren zwee privat Projete vum Staat doriwwer opkaaft ginn, fir duerno vun den ëffentleche Bauträger wéi SNHBM a Fond de Logement geréiert ze ginn, erkläert de Mike Mathias.
Budget fir esou Akeef gëtt net erhéicht
De Budget fir esou Akeef géif bei bei 200 bis 300 Milliounen Euro pro Joer leien.
Och wann an de leschte Méint d'Offere vu private Promoteuren déi hir Projeten un de Staat wëlle verkafe staark an d'Luucht gaange wier, géif de Ministère awer elo kee Grond gesi fir dëse Budget erop ze setzen:
"Et ass richteg datt den Ament Befierchtungen do sinn, datt nächst Joer 1.000 oder méi Wunnengen net wäerten an de Bau goen. Mee déi ginn natierlech dann e puer Méint méi spéit an de Bau."
An engem Joer wier een an enger anerer, méi stabiller Situatioun, och wat d'Liwwerung vun de Materialie betrëfft, esou de Mike Mathias: "Mir ginn dovun aus datt déi ugespaante Situatioun sech an 18 Méint op engem anere Level nees normaliséiert huet."
12 Projete ginn aktuell beschwat
Den Ament géif de Logementsministère mat enger hallwer Dose souwuel grousse wéi och klenge Promoteuren iwwer 12 Projete verhandelen, erkläert de Mike Mathias.
Wéi eng Projete vum Staat opkaaft ginn, géif no spezifesche Krittären decidéiert ginn. Zum Beispill wéilt ee just komplett Projeten opkafen an net just verschidden Unitéiten aus engem Projet. Dobäi kéim och de Faktor vum Präis.
Bei de Baukäschte wier ee sech eens, mee beim Bauterrain géifen d'Virstellungen tëschent de Promoteuren an dem Staat deelweis wäit ausernee leien, esou de Mike Mathias:
"Beim Foncier hu mir e Plaffong dee sécherlech méi niddreg ass, wei elo e spekulative Bauterrainspräis wéi en an der Stad oder ronderëm üblech ass."
De Ministère wéilt keng Präisspiral vum Foncier undreiwen heescht et weider. Deemno wier ee bei dëse Präiser éischter zeréckhalend.