Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Beaver Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Srel-Prozess geet an déi zweet Ronn

Geheimdéngschtprozess

De Srel-Prozess geet an déi zweet Ronn

De Srel-Prozess geet an déi zweet Ronn: De Parquet ass an Appell gaange géint d'Urteel aus éischter Instanz. Dat hunn d'Justizspriecher de Moie matgedeelt. An éischter Instanz hat d'Geriicht virun zwou Wochen e Fräisproch decidéiert.

auto_stories

1 min

Déi fréier Geheimdéngscht-Mataarbechter Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer hätte virun 13 Joer keng illegal Ecoute op de Geschäftsmann Loris Mariotto gemaach, haten d'Riichter festgehalen. Den deemolege Premier Jean-Claude Juncker (CSV) hätt d'Ecoute autoriséiert gehat. D'Defense hat d'Urteel ausdrécklech begréisst. D'Datume vum Appellsprozess sinn nach net bekannt.