Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De soziale Kontrakt steet op der Kipp"

Protester a Belarus

"De soziale Kontrakt steet op der Kipp"

A ville Stied vu Belarus hunn d'Mënsche fir dee fënneften Owend hannertenee protestéiert. Si manifestéiere géint d'Walvictoire vum Staatschef Alexander Lukaschenko leschte Sonndeg. Op en neits goufe vill Leit festgeholl a vill blesséiert. D'Isabel Scott huet mat enger belarusescher Journalistin iwwer d'Protester geschwat.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Isabel Scott lauschterenplay_arrow


Trotz der Gewalt déi d'Leit a ville Stied uechter Belarus erliewen, géife si weider den Dialog mat den Autoritéite sichen, seet d'Maryia Sadouskaya. Déi belarusesch Journalistin wunnt elo zu Warschau a suivéiert vun do aus déi aktuell Situatioun an hirem Heemechtsland.

"D'Leit fuerderen e faire Vott, en Enn vun der Well vu Gewalt géint friddlech Manifestanten, a si fuerderen en Dialog tëschent den Autoritéiten an der belarusescher Populatioun."

De friddleche Protest, dee sech zanter dem Walresultat vum leschte Sonndeg uechter d'ganzt Land ausgebreet huet, steet a staarkem Kontrast zu den Autoritéiten hirer Äntwert. "D'Belaruse géife friddlech bleiwen, a si géife weiderhin den Dialog offréieren, an dat obwuel si mat Waasserkanounen, Gummikugelen, richtege Kugelen, an nach aner Saache konfrontéiert ginn."

Policegewalt, Internet Shutdown, Mësshandlungen a Mënscherechtsverletzungen

Nieft der Policegewalt op der Strooss, gouf et een Internet Shutdown vun e puer Deeg. Et géif een och ganz schlëmm Temoignagen aus de Prisongen héieren, vu flagrante Violatioune vu d'Mënscherechter, seet d'Maryia Sadouskaya.

"Si soen, si géife gezwonge ginn iwwer d'Kierpere vun anere Prisonéier ze goen, déi an hirem Blutt leien, d'Leit kréien d'Hänn gebonnen a gi geschloen. Si kréie keen Iessen, kee Waasser. Als Beispill, de Chefredakter vun enger onofhängeger Medieplattform sot, datt hien déi éischt Nuecht gezwonge gouf, mam Gesicht um Buedem am Haff vum Prisong ze schlofen. Den zweeten Dag hu si hien an eng Zell gestach, an déi maximum 12 Leit erapassen. Si waren zu 27 an der Zell, vill vun hinne ware schro blesséiert, a keng vun hire Famille wosst, wat lass wier."

Soziale Kontrakt tëschent Populatioun a Regierung op der Kipp

Trotz de repressive Mesurë géifen d'Leit aus Belarus op friddleche Protest setzen. Firwat si sech esou géifen zeréckhalen? Dat wier zeréckzeféieren op en onausgeschwate soziale Kontrakt tëschent Regimm a Populatioun. D'Garantie vu Stabilitéit, vu kengem arméierte Konflikt. Dee stéing elo op der Kipp, seet d'Mariya Sadouskaya.

"Ech denken, wat grad amgaang ass ze geschéien, ass datt de soziale Kontrakt gebrach gouf! Leit, déi just Brout oder Waasser aus enger Epicerie wëllen, kënne festgeholl ginn oder geschloe ginn. Si héieren Explosiounen. Si mussen hire Kanner erklären, firwat Leit an hirem Hannerhaff schéissen."

Déi belarusesch Journalistin hofft op eng friddlech Léisung, op dat geschitt géif sech an den nächsten Deeg eraus kristalliséieren.


Firwat Wäissrussland op eemol Belarus heescht

Zanter senger formeller Onofhängegkeetsdeklaratioun 1991 vun der Sowjetunioun nennt sech de Staat tëschent Polen, der Ukrain a Russland offiziell Belarus.

Woubäi "bela" "wäiss" bedeit a "rus" op ee fréiert osteuropäescht Herrschaftsgebitt verweist, dat als Kiewer Rus bekannt war. Den Territoire vum haitege Belarus war en Deel dovun.

Fir däitlech ze maachen, datt Belarus e souveräne Staat ass an net een Deel vu Russland, nenne verschidden Ausseministèren an och Medien d'Land zanter enger Zäit Belarus. De radio 100,7 passt sech där Entwécklung un a schwätzt vun elo u vu "Belarus", "Belarusen" a "Belarusinnen".