Radioen

On air

De Moien  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Sebastian Kurz am Interrogatoire

Éisträich

De Sebastian Kurz am Interrogatoire

Onschold bewisen, soen déi eng. Mangelnde Respekt virun der Justiz, soen déi aner. Nodeems den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz sech de Froe vun engem Riichter huet misse stellen, deiten d'politesch Parteien d'Resultat ganz ënnerschiddlech.

auto_stories

2 min

Befrot gouf de Bundeskanzler schonn Ufank September - allerdéngs gouf dëst eréischt déi lescht Woch public. De Protokoll vum Interrogatoire ass mëttlerweil an de Medie gelant. Dem Sebastian Kurz gëtt virgehäit, virun engem parlamentareschen Enquêtëkommissioun gelunn ze hunn.

Et ass héich hiergaange beim Gespréich tëscht dem Sebastian Kurz, sengem Affekot, engem Riichter an engem Procureur vum Anti-Korruptiouns-Parquet. E puer Mol huet de Riichter den éisträichesche Bundeskanzler opgeruff, sech ze mäßegen, wouropshin dëse sech entschëllegt huet. Dat geet aus Berichter vun enger Partie Medien an Éisträich ervir, deenen de Protokoll vum Interrogatoire zougespillt gouf.

De Sebastian Kurz huet gereizt op Froe reagéiert

Datt et dozou koum, läit un enger Plainte, déi déi liberal Oppositiounspartei Neos deposéiert hat an de Parquet dozou beweegt huet, géingt de Sebastian Kurz ze ermëttelen. Him gëtt virgeworf, virum sougenannten Ibiza-Ausschoss vum Parlament gelunn ze hunn - dat am Zesummenhang vun der Besetzung vun héije Posten a staatsnoe Betriber.

De Bundeskanzler Kurz huet dës Virwërf ëmmer vu sech gewisen, och vis-à-vis vum Riichter. Wärend dem Verhéier reagéiert de Politiker awer ëmmer nees immens gereizt op Froen a werft dem Procureur vir, him d'Wierder am Mond ëmzedréinen. Wei dësem dem Bundeskanzler um Schluss nach weider Froe wëllt stellen, brécht de Sebastian Kurz d'Gespréich of.

Ënnerschiddlech Interpretatiounen

Iwwer d'Bün gelaf ass dat Ganzt schonn Ufank September, bekannt gouf et awer réischt d'lescht Woch. Nodeems de Protokoll vum Gespréich an d'Ëffentlechkeet geroden ass, deiten déi politesch Parteien den Inhalt awer ganz ënnerschiddlech. Dem Kurz seng konservativ ÖVP interpretéiert et naturgeméiss positiv. Hire Parteichef hätt all déi falsch Virwërf vum Parquet kënnen entkräften, schreiwe si an engem Communiqué.

D'Oppositiounsparteie kritiséiere par Conter de Regierungschef. Him géif et u Respekt vis-à-vis der Justiz feelen, soen déi Liberal. Datt de Sebastian Kurz esou gereizt op d'Froe vum Procureur reagéiert, géif weisen, datt him Waasser bis zum Hals dierft stoen, schreiwen d'Sozialdemokraten.

Entscheedend ass um Enn awer net d'Interpretatioun vun de Parteien, mee déi vum Parquet. Dee muss elo entscheeden, ob de Kurz d'Virwërf konnt aus dem Wee raumen. Wann net, dann dierft et zu enger Uklo géingt den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz kommen.