Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Serge Tonnar & Legotrip - Laksembörg Sitti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schlëssel bleift d'Solidaritéit

Sot emol

De Schlëssel bleift d'Solidaritéit

De Besoin un humanitärer Hëllef gëtt ëmmer méi grouss, an och d'Situatioun vun der Ernierung weltwäit gëtt ëmmer méi prekär. D'Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounr wéi eben och CARE wiisst a wiisst, seet den Direkter vu CARE Lëtzebuerg Frédéric Haupert.

auto_stories

2 min

De Frédéric Haupert ass zanter 13 Joer Direkter vu CARE Lëtzebuerg, enger humanitärer Associatioun déi sech weltwäit fir Mënschen an Nout asetzt. D'Realitéit weist awer datt d'Nout vun de Mënschen net manner, mee ëmmer méi grouss gëtt.

"Déi humanitär Hëllef, d'Entwécklungshëllef am grousse Sënn schafft dofir datt ee se net méi brauch." D'Zil vu CARE wier et fir d'Liewe vu ville Mënsche weltwäit besser ze maachen.

De Frédéric Haupert huet zu Berlin, Heidelberg a Lille Politikwëssenschaft studéiert. En huet fir de Welternärungsprogramm geschafft, an dohir kënnt och säi groussen Intressi fir de Problem vun der Alimentatioun. 2008 ass en Direkter vu CARE Lëtzebuerg, wou d'Ernärungsituatioun weltwäit e grousse Volet anhëlt.

De "Klick" koum während der Pandemie

Wéi a villen anere Beräicher war d'Corona-Kris a domat verbonnen och de Lockdown an den éischte Woche fir CARE eng schwiereg Situatioun, an de Frédéric Haupert erënnert sech datt d'Stëmmung an de Reunioune mat den anere CARE-Direkter net gutt war. Et ware Restriktiounen hei am Land déi op d'Stëmmung gedréckt hunn, awer och d'Restriktiounen an all den anere Länner wou Projeten um Lafe waren. Done sinn net komm, ëffentleche Finanzéierunge goufe gestoppt, a ville Länner hu Mataarbechter mussen entlooss gi well keng Sue méi do waren. Resignatioun wier awer keng Optioun gewiescht, sou de Frédéric Haupert. Wärend der Pandemie wier de Moment komm, an deem et "Klick" gemaach hätt "a CARE begraff huet datt dës Situatioun eng Situatioun ass fir déi mer gemaach sinn, op déi eis Confederatioun weltwäit ka reagéiere mat der néideger Flexibilitéit. A vun do un, huet et ugefaangen och nees méi Spaass ze maachen."

Lafen ass e gudde Wee de Kapp fräi ze kréien

Et ass wichteg datt de Frédéric Haupert nieft der Aarbecht bei CARE och d'Méiglechkeet ze hunn sech am privaten och emol de Knäppchen ëmzeleeën. Fir de Frédéric Haupert ass do ënnert anerem d'Lafen eng Méiglechtkeet fir sech de Kapp fräizemaachen.

"Wat elo awer déi ganz humanitär Situatiounen a Schicksaler ugeet, mat deene mer a Kontakt kommen, op eise Reesen awer och am Alldag... Dat muss ee schonn ausblenne kënnen, dat däerf een net begleede fir mat heem, well soss ass weder e Privatliewen nach e Familljeliewe méiglech."