Radioen

On air

De Moien  |  Kadhja Bonet - Honeycomb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Remboursement accéléré konkretiséiert sech

Dokteschrechnungen

De Remboursement accéléré konkretiséiert sech

Zwou nei Applikatioune sollen an Zukunft méi séier Remboursementer vun Dokteschrechnungen erméiglechen. De Remboursement accéléré wier eng Iwwergangsphas bis zum definitiven Ëmschalten op de Paiement Immediat Direct. D'Patiente kënne se vu lo un notzen, awer just bei enger limitéierter Zuel un Dokteren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Regierung hält um Delai vun 2023 fest: da sollen d'Assuréen net méi mussen hir eege Sue virstrecken. Wat fréier den Tiers payant genannt gouf, ass elo de Paiement immédiat direct, deen nëmmen um Digitale Wee funktionéiert.

D'Digitaliséierung vum Gesondheetssystem wier e grousse Chantier, déi ee forcement nëmme phaseweis ugoe kéint. Eng éischt d'Tëschephas ass de Remboursement accéléré. Do muss den Assuré zwar nach Geld virstrecken, kritt déi awer an engem Delai vun enger Woch rembourséiert, seet de Sozialminister Romain Schneider am 100,7-Interview. Wann de System sech awer bis arodéiert hätt, da kéint een herno mat zwee oder dräi Deeg rechnen.

"Dir wësst, an dat war net d'Schold vun der CNS, well do war immens vill Aarbecht och grad wärend der Pandemie, wou ganz vill erakoum: Krankmeldunge, Rechnungen, ... Do ware mer effektiv op Delaie vu 6-8 Wochen. Dat ass net normal, wann d'Leit Sue virstrecken."

Dräi Pilieren

Verschidden digital Outile sinn néideg fir de Remboursement accéléré a spéiderhin de Payement immediat direct en place ze setzen. De System baut op dräi Pilieren op, erkläert den Alain Schmit, President vun der Zänn- an Dokteschassociatioun AMMD: éischtens gëtt et d'App fir de Patient, zweetens gëtt et de System vun der eSanté, an drëttens kréien och d'Dokteren déi néideg Applikatiounen, fir eng Verbindung opzestellen.

D'Digital Plattform op eSanté wier elo en place. D'Gesondheetskeess, grad ewéi d'AMMD hunn hier eegen Appe mat personaliséierte Servicer entwéckelt. Et wier duerchaus méiglech, datt weider Acteure wéi zum Beispill Spideeler an aner Gesondheetskeesen eng eegen App entwéckelen.

Fir datt de Remboursement funktionéiert, brauch déi App dann eng Geneemegung vun der eSanté. Déi assuréiert nämlech déi geséchert Iwwerdroung vu medezineschen Daten. Eng eenzeg App fir all Besoin wier dem CNS-President Christian Oberlé no net realistesch.

De kritesche Punkt léich elo bei der Mise à jour vun den IT-Infrastrukture vun den Dokteschpraxen. Bis elo hätten eréischt 50 vun 2.000 Dokteren d'Ëmstellung gemaach, esou d'Aschätzung vum Alain Schmit.