Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 kritt een eegent Gesetz

Medien

De radio 100,7 kritt een eegent Gesetz

An der Chamber stoung de Mëtteg och d'Gesetz iwwer de Media 100,7 zur Debatt. Den ëffentlech-rechtleche Sender hat bis elo keen eegent Gesetz obwuel en zënter 30 Joer besteet.

auto_stories

1 min

Mam neien Text gëtt de Finanzement, d'Gestioun an d'Onofhängegkeet vum Radio gereegelt, respektiv garantéiert. De Radio 100,7 hätt 30 Joer no engem schwieregen Ufank seng Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft fonnt, sou d'LSAP-Deputéiert Francine Closener.

Zoustëmmung fir dëse Projet koum vun alle Säiten, d'ADR huet sech allerdéngs enthalen. Dem Fernand Kartheiser no wier de Radio 100,7 en tendenziéise Sender. Op Nofro vun der grénger Fraktioun, datt hie sollt Beispiller nennen, konnt den ADR-Deputéierten awer keng prezis Äntwert ginn.