De Profil vum Wieler bei de Chamberwahlen

Bei dëse Chamberwalen representéieren d’Wieler nëmme nach 57 Prozent vun der gesamter Populatioun, dat heescht vun de Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger déi iwwert 18 Joer al sinn. Am Zentrum sinn et 45%. Bei Wieler déi eng berufflech Aktivitéit hunn, schaffen iwwerdeems 44 Prozent am ëffentlechen Déngscht, oder am Santé- a Sozial-Secteur an hänke vum Gehälter-Accord an der Fonction publique of.

“An Zukunft musst d’Wahl-Recht fir d’Chamberwalen net méi un d’Nationalitéit gekoppelt ginn, mee un d’Residenz” fuerdert d’Laura Zuccoli vun der ASTI. D’Auslänner Organisatioun fuerdert eng inscription d’office op d’Wielerlëschten grad ewéi d’Wahlflicht.

“D’CSV-Wielerschaft ass ganz trei, allerdéngs sinn d’Wahlen wéinst dem Broch vun der Koalitioun dës Kéier ganz op”. Esou de Patrick Dumont vun der UNI Lëtzebuerg, deen och mengt, datt d’CSV-Wieler wéinst den Affairen déi zu de Neiwahlen gefouert hunn, verschidden CSV-Ministeren net méi esou kéinten ënnerstëtzen ewéi bis elo.

Déi ganz Analys vum 17. Oktober, moderéiert vum Carole Schimmer, kënnt Dir hei nolauschteren:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/6/6/242248_wahlen-2013.mp3"]

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen