Radioen

On air

9 bis 1  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Plan d'action fir mental Gesondheet: Professioneller sensibiliséieren

Depressiounen

De Plan d'action fir mental Gesondheet: Professioneller sensibiliséieren

D'nächst Fréijoer soll viraussiichtlech den nationalen Aktiounsplang fir déi mental Gesondheet prett sinn. Een Aarbechtsgrupp schafft um Plang, deen eigentlech d'lescht Joer schonn hätt solle fäerdeg sinn. Mir hu mat der Juliana d'Alimonte geschwat, déi dësen Aarbechtsgrupp am Gesondheetsministère leet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Zil vum Plang, deen och am Koalitiounsprogramm virgesinn ass, ass et ënner anerem den Tabu ronderëm mental Krankheeten ze briechen a Professioneller ze sensibiliséieren.

De Plang soll hëllefe Richtlinnen ze ginn, déi wëssenschaftlech fondéiert sinn, esou d'Juliana d'Alimonte. Sou soll eng Planifikatioun vun der mentaler Gesondheet gemaach kënne ginn.

Depressioune sollen am Virfeld erkannt ginn

"D'Zuele weisen eis zum Beispill, datt d'Prevalenz an d'Inzidenz vun Depressiounen erop gaange sinn an de leschte Joren", seet d'Juliana d'Alimonte. Et géif drëms goen, wéi een Depressioune behandele kann a wéi d'Noutfallversuergung vun enger Persoun verbesser kéint ginn.

"Et geet awer och drëms: wéi kann een dat am Virfeld schonn detektéieren, zum Beispill am Kader vum Extrahospitalier."

Sensibiliséierung fir mental Krankheeten

Eng Aufgab wier et deemno Leit, déi schonn a Gesondheetsberuffer aktiv sinn, nach méi fir mental Krankheeten ze sensibiliséieren, esou d'Juliana d'Alimonte. Dorënner d'Hausdokteren an d'Pediateren.

Ma och Beräicher wéi Schoul, Famill oder Aarbecht géifen an de Plang mat agebonne ginn esou d'Doktesch. Dofir wéilt een am Kader vum Aarbechtsrecht och verschidden Aktioune recommandéieren: d'Aarbechtsmedezin soll hei eng méi grouss Roll spillen, seet d'Juliana d'Alimonte.

Zesumme mat Patient:inne schaffen

Alles an allem wéilt ee mat zéng verschiddene Ministèren an zéng verschidde Beräicher zesummeschaffen. Niewent Experten an Doktere sollen och Betraffener mat un der Ausschaffung vum Plang bedeelegt sinn.

Et gëtt och schonn ee Comité de pilotage, wou och Betraffener vertruede sinn, seet d'Juliana d'Alimonte: ^"An dee Beitrag ass ganz wäertvoll, wou mir verschidde Mesuren deem da kënnen ausriichten, aus der Siicht vum Patient."

De Plan d'action fir déi mental Gesondheet géif och virgesinn, weider un der Destigmatiséierung ze schaffen, datt déi mental Gesondheet manner Tabu gëtt, esou nach d'Juliana d'Alimonte.