Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Papp vum "Le petit Nicolas" a "Raoul Taburin" ass dout

Jean-Jacques Sempé

De Papp vum "Le petit Nicolas" a "Raoul Taburin" ass dout

Frankräich ass am Trauer. De Jean-Jacques Sempé, dee besonnesch mam "Le petit Nicolas" weltbekannt gouf, ass elo kuerz viru sengem 90. Gebuertsdag gestuerwen. De franséischen Zeechner hat d'Figur vum klengen Nicolas zesumme mam 1977 verstuerwenen Auteur René Goscinny erfonnt.

auto_stories

3 min

De Jean-Jacques Sempé. Foto: DPA

Lauschterenplay_arrow


Niewent dem Nicolas ass eng weider Figur, déi dem Sempé säi Liewe markéiert huet, déi vum Vëlosverkeefer Raoul Taburin.

E Vëloverkeefer dee kee Vëlo ka fueren

1995 huet de Jean-Jacques Sempé säi Comic "Raoul Taburin" publizéiert, wou vun him net nëmmen d'Zeechnunge koumen, mee och den Text ass vum Sempé. De jonke franséische Realisateur Pierre Godeau huet dem Sempé seng Geschicht iwwer de Vëlosverkeefer Raoul Taburin verfilmt, a méi e schéine Cadeau konnt den Zeechenartist 2018 wuel net kréien. Virun allem well de Vëlo esou eng grouss Roll am Sempé sengem Liewe gespillt huet.

De Sempé ass praktesch säi ganzt Liewe laang Vëlo gefuer, och zu Paräis. Vëlo fueren huet him ëmmer immens Freed gemaach, als Jugendlechen huet hien esouguer mam Vëlo Wäi geliwwert a sech e puer Sou domat verdéngt. An de leschte Joren, wat him immens leet gedoen huet, konnt de Jean Jacques Sempé wéinst senger ugeschloener Gesondheet net méi mam Vëlo fueren.

Dat Mënschlecht am Mëttelpunkt

De Jean-Jacques Sempé - an dat gouf ëmmer nees betount - hat den Don dat Mënschlecht an de Mëttelpunkt ze setzen. Fir de Benoît Poelvoorde, deen am Film de Raoul Taburin gespillt huet, war dem Sempé seng Stäerkt dat seng Geschichten d'Helde vum Alldag a vun de klenge Leit gewisen hunn, hir kleng Nidderträchtegkeete mee awer och déi grouss Freed déi se kënnen hunn.

De Sempé huet d'Welt an d'Mënschen analyséiert, Kanner mee och Erwuessener, an hien huet seng Protagoniste mat engem léiwe mee awer och ironeschen Touch gezeechent.

Dofir fënnt een och beim "Raoul Taburin" e philosopheschen Hannergrond. D'Geschicht erzielt vun engem, deen de Leit virschwindelt an aneren ze sinn. De Raoul Taburin kann zwar Vëloe flécken, mä e ka kee Vëlo fueren. A fir déi Schwächt virun aneren ze verstoppen, léisst hie sech ëmmer nees Noutligen afalen.

Zesummenaarbecht mam René Goscinny

Tëschent 1956 an 1965 huet de Sempé zesumme mam René Goscinny d'Spiichte mam klenge Nicolas an der Haaptroll geschriwwen an illustréiert: Geschichte mat deene si op der ganzer Welt bekannt gi sinn.

Bicher mam Néckel senge Lausbouwegeschichte goufe Millioune Mol verkaf, an och an iwwer 30 Sproochen iwwersat, a vum Laurent Tirard verfilmt. "Le petit Nicolas" am Joer 2009, an "Les vacances du Petit Nicolas" 2014.

All Kéier huet de Réalisateur de Publikum mat op eng Zäitrees an d'1960er Joere geholl, wou dem Néckel seng Geschichten entstane sinn.

E Bléck op sech selwer

De Sempé huet awer net nëmmen iwwer aner Mënsche geschriwwen, mee am Buch "Enfances" gëtt ee vill iwwer dem Sempé seng eege Vergaangenheet gewuer, wéi seng Kandheet zu Bordeaux déi net grad glécklech war. Seng Elteren hunn dacks gestridden a haten ëmmer nees finanziell Problemer. An och seng Schoulzäit war net déi bescht, an engem Mooss datt hien esouguer vun der Schoul geflunn ass.

Säin Zeechentalent gouf schonn an der Schoul entdeckt. Ma awer eréischt vun 1957 u konnt hien als Karikaturist fir verschidde Medien, wéi déi franséisch Magasinner "Paris Match" a "L'Express" an och fir déi amerikanescher Zeitung "The New Yorker" richteg Sue verdéngen.

De Jean Jacques-Sempé konnt op eng grouss Karriär zeréck kucken An hie souz och am héijen Alter nach gären op sengem grousse Büro an huet geschafft, et ass awer an de leschte Jore méi lues gaange wéi soss an hien huet deels och eng Lupp missen huelen, wat hien dann och genervt huet. Mee de Sempé wollt awer ëmmer schaffe well hien nach esou munches ze erzielen hat.

A wat de Jean-Jacques Sempé wuel am beschte beschreift, ass en Zitat vun him selwer iwwer sech:

"Il m'est arrivé de devenir, par moments, raisonnable mais jamais adulte."