Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Theaterpräis an Danzpräis

Kultur

De Lëtzebuerger Theaterpräis an Danzpräis

Haut den Owend ginn am Kapuzinertheater d'Laureatinnen a Laureatin vun den éischte Lëtzebuerger Theaterpräisser an dem Lëtzebuerger Danzpräis bekannt. Am Virfeld vun dëser Zeremonie ass um Hamilius d'Theaterfest, wou d'Biergerinnen a Bierger eis Theateren, déi nei Saison an och e puer Spektakele ugebuede kréien.

auto_stories

2 min

Erklärunge vum Valerija Berdiplay_arrow


D'Präisiwwerreeschung vun den Theaterpräisser a vum Danzpräis mécht den Trois C-L zesumme mat der Theaterfederatioun a mam Kulturministère. "Mir hunn eis do quasi op der Iddi begéint an ech sinn immens frou, datt enfin den Theater e puer Präisser huet. Do ass engersäits en Nowuess-Präis, de Präis fir dat, wat op der Bün passéiert, wat hannert der Bün passéiert, dann en nationale Präis fir e Liewenswierk an dann och den nationalen Danzpräis", sou de Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun an Direkter vum Mierscher Kulturhaus.

Et geet also am Ganzen ëm véier Theaterpräisser an een Danzpräis. Fir den Theater gëtt et de Präis "jeune Espoir", dee mat 3.500 Euro dotéiert ass, ee Präis gëtt iwwerreecht fir jonk Regisseurinnen a Regisseuren, Acteuren an Actricen op der Shortlëscht. Ee weidere Präis gëtt et fir déi bescht Bünekreatioun, déi och mat Acteuren, Actricen, Regisseurinnen an engem Dramaturg besat ass an dann nach de Präis fir d'Backstage-Kreatioun. 3.500 Euro kritt de Gewënner oder d'Gewënnerin, do ass et da wéi de Numm et scho seet, de Backstage, deen zielt, also sinn do Museker, Kostümdesignerinnen, Zeenografinnnen an e Luuchtentechniker op der Shortlëscht.

Fir de Präis fir d'Liewenswierk gëtt et keng Shortlëscht, dofir ass dat dann och extra spannend, wien dee kréie wäert.


Mir wäerten d'Lëscht mat de Laureatinnen a Laureaten haut Freideg den Owend op eisem Internetsite publizéieren an och muer de Moien nach emol driwwer schwätzen. D'Shortlëscht mat den Nimm vir de Lëtzebuerger Theaterpräis an en Interview mam Claude Mangen ass och op eisem Site ze fannen.