Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marco Godinho an d'Mëttelmier

Bildend Konscht

De Marco Godinho an d'Mëttelmier

De Marco Godinho ass am Alter vu néng Joer op Lëtzebuerg komm a weess wat et heescht "immigréiert" ze sinn. Op senger rezente Reesen huet hien sech ganz bewosst mam Thema Migratioun ausernee gesat – an de Mëttelmierraum an de Fokus geholl.

Kerstin Thalau / ckl

auto_stories

3 min

Andréck vu Lampedusa (© Marco Godinho)

Net wäit vum südwestlechste Punkt vum europäesche Festland, zu Sagres a Portugal, steet eng vun den eelste Schoule fir Kartographen. D’Plaz, déi geografesch Lag, an dat aalt Gemaier hunn de Marco Godinho zu engem Film an engem Text zum Thema Raum an Zäit inspiréiert.

De gebiertege Portugis, deen zanter sengem néngte Liewensjoer, also zanter bal 30 Joer, mat Ënnerbriechungen zu Lëtzebuerg doheem ass, huet doropshin decidéiert, de Mëttelmierraum méi genee ënnert d’Lëns ze huelen, an zwar déi onsiichtbar Barrière tëscht Orient, Occident an Afrika. 

"Den Ufank an de Schluss" 


Zweet Statioun vu senger Rees war Lampedusa, wou hie während engem Konschtprojet Inselbewunner, Aktiviste fir Flüchtlingsrechter an Asildemandeuren hannert pickegem Drot, also ofgetrennt vum Rescht vun der Populatioun, kennegeléiert huet. "Lampedusa ass den Ufank vun eppes an de Schluss vun eppes, dat spiert een do ganz staark", seet de Kënschtler.

An awer muss d’Liewen och zu Lampedusa iergendwou weidergoen, zemools well Tourismus vill Sue bréngt. Intrigéiert war de Godinho fir do op d'Plage ze goe wou honnerte Mënschen op der Flucht gestuerwe sinn.

Kee Sozialvoyeurismus

2015 waren erstaunlech vill Kënschtler – och vu Lëtzebuerg –  op Lampedusa. Fir de Marco Godinho war dat kee Sozialvoyeurismus; hien hat einfach d’Gefill, hie misst sech mat der Realitéit konfrontéieren an dierft sech net hannert enger Zeitung, respektiv enger friemer Meenung, verstoppen. Huet Konscht him dohannen als Mediateur gehollef, Dieren oder Drot fir e Moment onsiichtbar gemaach?

De Marco Godinho huet sech einfach op d’Wierkung vu sengem selwer crééierte Stempel ‘forever immigrant’ verlooss, deen hien op ville Plazen hannerlooss huet.

De Stempel "forever immigrant" huet vill Spueren op der Rees hannerlooss (© Marco Godinho)

​Zwou Stonne virun de Beiruter Attacken, dee Mëtteg virun de Paräiser Attentater, ass de Marco Godinho du kuerz drop mam Fliger am Libanon gelant. E libanesesche Kolleg, e Bekannte vu Paräis, hat hien do op e Konschtfestival invitéiert.

Vu dat de Libanon zum mediterrane Raum, also souzesoen elo zum Marco Godinho sengem Konschtprojet gehéiert, hat de Kënschtler d’Geleeënheet ergraff. Hien hat d’Gefill, hie wier do, am Géigesaz zu den Nopeschlänner, a Sécherheet. Bis de Kënschtlerfrënd matzen um Vernissage eng besuergt SMS vu senger Famill krut. Obschonns d‘Eltere méi wäit ewech vun de Selbstmorduschléi waren, haten si d’Aktualitéit éischter matkritt.

"Zanter hirer Kandheet u Konflikter gewinnt" 

Mee fir säi Kolleg war d'Attentat näischt aussergewéinleches. "Si hu sech Froe gestallt, mee et war och iergendwou eppes normales. Réischt wou dunn d'Attentater zu Paräis waren, ass méi driwwer geschwat ginn. Mee d'Leit do sinn zanter hirer Kandheet un Konflikter gewinnt", erënnert sech de Marco Godinho.

Zanter sengem Retour ass de Kënschtler am gaangen, säi Film- an Textmaterial vu béide Reesen ze iwwerschaffen. Hie plangt eng Sagres-Lampedusa-Libanon-Filmtriologie, déi am Casino Lëtzebuerg, no der Reouverture am Mäerz, gewise soll ginn. 


Audio: De Marco Godinho am Libanon