Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fonctionnement vun den Institutiounen

Europawahlen 2019

De Fonctionnement vun den Institutiounen

Wéi soll d'Europäesch Unioun an Zukunft fonctionnéieren? Déi zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg bei den Europawahlen untrieden, hunn do ënnerschiddlech Point de vuen. Eng Analys vun de Wahlprogrammer.

auto_stories

5 min

Wat d'Parteie méi kleng sinn, wat d'Kapitelen iwwer de Fonctionnement vun der EU an hiren Institutioune méi grouss ausfalen: dat stëmmt, wéi ëmmer wann ee generaliséiert, zwar net zu 100 Prozent, kënnt der Wourecht awer zimlech no.

Et gëtt just eng Ausnahm. An dat ass d'KPL. Fir si mécht et kee Sënn sech de Kapp iwwer eng EU-Reform ze zerbriechen, well d'EU an hiren Aen net ze reforméieren ass:

"Gemeinsam mit anderen kommunistischen Parteien Europas tritt die KPL dafür ein, die EU in ihrer bisher existierenden Form aufzulösen und im Interesse aller Werktätigen eine neue Struktur für alle Völker des europäischen Kontinents zu schaffen."

Kuerz Programmer

Ähnlech kuerz, mee vum Fong hir natierlech an eng ganz aner Richtung, äussere sech soss just nach CSV, LSAP an DP. D'DP mécht zwou Aussoen:

  • Si hätt gär, datt d'Europaparlament e Kontrollrecht kritt am Beräich vun der Wirtschafts- a Wärungsunioun,
  • Si wëllt d'Eestëmmegkeet an der Aussepolitik ofschafen, a wann et drëm geet, Sanktioune géint Memberlänner ze decidéieren, déi géint elementar rechtsstaatlech Prinzipie verstoussen.

A punkto Unanimitéit steet och eppes am Programm vun der CSV: si plädéiert fir d'Bäibehale vun deem Prinzip a Steierfroen. Eng aner Propos soll d'Kohärenz an d'Visibilitéit vun europäeschen Decisioune verbesseren. Dat wär méi einfach "wenn der Präsident der Europäischen Kommission, der vom Europäischen Parlament gewählt wird, gleichzeitig Präsident des Europäischen Rates der Staats- und Regierungschefs wäre."

D'Sozialiste gesi Loft no uewe bei der Transparenz vun den Entscheedungsprozesser, virun allem beim Conseil; ouni am Detail ze soen, duerch wat méi Transparenz entstoe kéint.

A si wëllen de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft méi Rechter ginn an den europäesche legislative Prozeduren: "Europa muss en neie Kontrakt mam Bierger schléissen, fir d'europäesch Demokratie nei ze beliewen." Och dat: eng Absichtserklärung, ouni Gebrauchsuweisung hannendrun.

Eng breet Debatt

déi gréng sinn do méi explizit. Si wëllen d'Leit un enger breeder Diskussioun iwwer d'Zukunft vun Europa bedeelegen an engem Biergerkonvent den Optrag ginn, eng nei Verfassung auszeschaffen:

"Eine europäische Verfassung sollte die Grundrechte aller Bürger*Innen zusätzlich schützen, die europäischen Institutionen und ihre jeweiligen Zuständigkeiten definieren, alle rechtlichen Verfahren regeln und die Verteilung der Kompetenzen zwischen den verschiedenen Ebenen klären."

Vun engem Biergerkonvent, deen iwwer en neie Vertrag nodenke soll, schwätzen och d'Piraten: Esou en neien Traité mat neie Spillreegele wier néideg, fir Europa méi effizient, demokratesch an transparent ze maachen, soe si. Den definitiven Text sollt duerno an engem europäesche Referendum zum Vote gestallt ginn.

Europa vun den Natiounen

Den ADR-Programm ass deen ausféierlechsten, wann et ëm de Fonctionnement vun Europa geet, d'Spill vun den Institutiounen an hir Kompetenzen. Alles wat un Ännerunge a Reforme virgeschloe gëtt, geet an d'Richtung vum Europa vun den Natiounen:

  • d'Eestëmmegkeet muss d'Reegel sinn,
  • eng Rei Kompetenze mussen zeréck un d'Memberstaate goen
  • oder déi national Verfassunge stinn iwwer dem europäesche Recht.

Dat sinn e puer Sätz aus dem ADR-Wahlprogramm. All Delegatioun vu Pouvoiren un d'EU misst zu all Abléck kënne réckgängeg gemaach ginn, heescht et. Oder och nach:

"Déi europäesch Institutiounen, wéi de Ministerrot vun der Europäescher Union ("Conseil") an d'Europäesch Kommissioun, si fir d'ADR keng Regierung, mee international Organer oder Administratiounen am Déngscht vun de Memberstaaten."

An déiselwecht Richtung ginn d'Propose vun déi Konservativ, déi awer vill manner ausféierlech sinn.

Institutiounen iwwerdenken

déi Lénk mengen, datt dat institutionellt Konstrukt an Europa sollt iwwerduecht an nei opgebaut ginn, an datt dobäi d'Parlamenter - dat europäescht, mee och déi national - als eenzeg demokratesch legitiméiert Institutiounen - systematesch misste gestäerkt ginn.

Am wäitste geet VOLT, déi radikal pro-europäesch Beweegung: si schwätzt guer net méi vun den aktuellen Institutiounen, mee plädéiert fir e federaalt Europa, mat enger Europäescher Regierung, där hire Premier vum Europäesche Parlament soll bestëmmt ginn. VOLT proposéiert och en Europäesche President, dee vun de Bierger a ganz Europa sollt direkt gewielt ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.