Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Coronavirus ass nees bei der vulnerabeler Populatioun ukomm

Alarmant Situatioun

De Coronavirus ass nees bei der vulnerabeler Populatioun ukomm

Déi héich Unzuel un Hospitalisatioune weist, datt de Virus nees bei der vulnerabeler Populatioun ukomm ass. Déi grouss Schwieregkeet géif de Spideeler no elo dra bestoen dës Populatioun ze schützen, fir ze evitéieren, datt de Gesondheetssystem ze vill belaascht gëtt. Elo scho musse weider Aktivitéiten deprogramméiert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Cstock

Am Escher Chem läit d'Moyenne vun de 45 Leit, déi an de Soins normauxe betreit ginn, bei 76 Joer, esou den Dr. Serge Meyer. Op der Intensivstatioun léich d'Altersmoyenne vun de sechs Patiente bei knapp 60 Joer. Al Leit géifen an der Moyenne méi laang am Spidol bleiwe wéi Jonker, seet de Responsabele vun der Cellule de crise am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch. "Si hu vläicht keng Plaz, wou si nom Spdiolsopenthalt kënne goen". An der aktueller Corona-Well, an där d'Spideeler sech grad befannen, géif déi héich Unzuel un ale Patienten d'Ekippen ausbremsen.

Al Patiente bremsen d'Ekippen aus

Souwuel den Escher Chem wéi och d'Spidol am Norde misste geschwë weider Aktivitéiten eroffueren, fir déi héich Unzuel u Covid-19-Patiente kënnen ze behandelen. "Mir si gläich op der ultimmer Limitt ukomm a sti kuerz virun der Phas 4 vum nationale Phaseplang", seet den Dr. Serge Meyer. Dat wier bedenklech, well een op eemol keng Capacitéite méi fir Non-Covid-Patienten hätt. Och am CHdN géifen den Ament weider Aktivitéiten deprogramméiert gi fir Covid-19-Patienten ze behandelen. "Mir hu schonn ee bis zwee Operatiounssäll gebremst", seet de medezineschen Direkter vum CHdN. Mee d'Spideeler wieren awer net komplett iwwerlaascht, esou de Paul Wirtgen.

Bal an der Phas 4

Mat senger Ausso op eiser Antenn, datt et an e puer Wochen iwwer 400 Hospitalisatioune kéinte ginn, géif den Dr. Emil Bock net falsch leien, esou den Dr. Serge Meyer. Dat wier e Katastrophezenario, "Do si mir dann an Zelter, an der Cafeteria, an anere Strukturen". An deem Fall kéint een déi normal Versuergung net méi maachen.

Eng Fro, déi sech géif stellen, wann d'Spideeler eemol un hir Limitte kommen, esou den Dr. Paul Wirtgen, wier, op d'Regierung national decidéiert, wéi eng Aktivitéite mussen deprogramméiert ginn a wéi eng net.

"All Spidol wäert dat maachen, wat et kann. Mee wa mir un eng Grenz kommen, da musse mir natierlech Saache bremsen an ofsoen. Ech mengen et wier en interessanten Debat, op do dann en nationale Choix kënnt an eng Directiv."

Wien decidéiert wéi eng Aktivitéiten deprogramméiert ginn?

Dem Dr. Paul Wirtgen, medezineschen Direkter vum CHdN no, wier d'Erausfuerderung elo d'Verbreedung vum Virus esou wäit wéi méiglech anzedämmen, fir datt manner al Leit ugestach ginn. Preventiounsaarbecht an den Altersheemer kéint hëllefen d'Spideeler ze entlaaschten. Mee grad do sinn d'Infektiounszuelen an de leschten zwou Wochen explodéiert.

D'Spideeler missten zesummeschaffen, esou den Dr.Serge Meyer.

"Fir datt net ee Spidol ausbremst gëtt, wärend anerer nach d'Méiglechkeet hunn ze hëllefen".

Déi sozial Kontakter missten nach méi gebremst ginn, mengt de Responsabele vun der Cellule de crise am CHEM, "soss kréie mir dat do net ofgebremst".