Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De belsche Kultursecteur rebelléiert sech

Belsch

De belsche Kultursecteur rebelléiert sech

Vum 8. Mee un war et am Prinzip erëm erlaabt, am Fräie bis zu maximum 50 Persoune fir en Evenement zesummenzebréngen. Perspektive fir eng Reprise bannenan goufen et nach keng. Duerfir hat de Kollektiv "Still Standing for Culture", deen d'Acteure vun der Kulturzeen versammelt, zu engem kulturellen Deconfinement opgeruff, dat am strikte Respekt vun de Moossnamen déi d'lescht Joer applizéiert goufen. Toleréiert gouf dës Rebellioun allerdéngs net, an eng Rei Interventioune vun der Police hunn e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

auto_stories

3 min

De Kultursecteur hat e strikte Protokoll ausgeschafft, mat Desinfektioun, Maskepflicht, eidele Sëtzer tëschent Spectateuren, Loftkontroll a Ventilatioun, a jee no Sall bis zu 200 Leit Kapazitéit. Laut hinne wier et net méi geféierlech ënner dëse Konditiounen en Theaterstéck, e Concert oder e Film ze kucken, wéi an e Geschäft ze goen oder den ëffentlechen Transport ze huelen. An et gouf och d'lescht Joer am Summer keen Infektiounscluster an der Kultur festgestallt.

An trotzdeem ass d'Propositioun beim Comité de Concertation, do wou déi verschidde Belsch Regierungen zesummen d'Decisiounen ronderëm d'Mesuren géint de Covid-19 huelen, op daf Ouere gestouss: 50 Leit maximum vum 8. Mee un, an dat dobaussen, dat gouf decidéiert. Fir de Juni géif dann d'Situatioun nei evaluéiert ginn.

Trotz Verbuet goufen d'Dieren opgemaach

D'Kultur gëtt net als e wesentlechen Deel vun der Gesellschaft consideréiert, dat ass d'Gefill am Secteur. "Nous faisons partie de la solution, nous ne sommes pas le problème" hat den Direkter vum KVS, dem Kinnékleche Flämeschen Theater zu Bréissel gemengt.

Wéi Dosenden Institutiounen, privat wéi ëffentlech, d'lescht Woch trotz Verbuet hir Dieren opgemaach hunn, war meeschtens och d'Police sur place. Entweder fir d'Entrée ze verbidden, oder esouguer d'Säll ze raumen, wéi dat an engem Theater an engem Kino zu Bréissel de Fall war. Si hunn op ville Plazen d'Identitéite vun de Persoune kontrolléiert. D'Leit riskéieren 750€ op de Kapp, d'Organisateure 4.000€. Am Fall vun enger Recidive sinn och Prisongsstrofe virgesinn.

Allerdéngs berouen dës Sanktioune fir de Moment nach op enger wackeleger legaler Basis. Sou hat schonn Enn Mäerz e Bréisseler Geriicht no der Plainte vun der Ligue des droits humains dem Staat 30 Deeg ginn, fir endlech e Gesetz ze proposéieren, amplaz d'Situatioun weiderhi wéi zanter iwwer engem Joer per Dekret ze geréieren. Méi rezent hat d'Justiz och dem Museker Quentin Dujardin Recht ginn, deen op d'Diskriminatioun tëschent Relioun a Kultur higewisen hat. Effektiv kënne jo bis zu 50 Leit bannen an enger Kierch zesumme sinn, mee fir d'Kultur war dat bannen a bausse verbueden.

Vill Organisateuren hunn ugekënnegt, datt si mat hire Protestaktioune weiderfuere géifen.

Illegal Party am Fräien

Zu weidere Police-Interventioune koum et um Weekend op der sougenannter "La Boum 2", déi zweet Editioun vun engem verbuedene Fest am Fräien. Wat als virtuell Protestaktioun am Mäerz ugefaangen hat, ass den 1. Abrëll zu engem open-air Fest mat circa 2.000 Leit ginn. Eng kontrastéiert Grupp, déi gréisstendeels friddlech géint d'Covid-Mesure protestéiert huet, mee net nëmmen.

D'Police war fir d'éischt vun der Zuel vu Persounen iwwerwältegt, huet awer schliisslech dat ganzt mat Waasserpompelen a Kavallerie verstreet. Dëse Samschdeg, fir déi zweeten Editioun, waren si massiv present, an hunn och déi puer Honnert Leit mat massiv Force verdrängt, Tréinegas a Waasserkanoune goufen agesat. 132 Festnamen a 15 Blesséierter ass de Bilan. Hei geet de Protest awer och weider, den nächsten Datum ass schonn op den 29. Mee fixéiert.

Laut den Organisateure sinn esou Aktiounen néideg fir déi generell mental Gesondheet, no iwwer engem Joer mat reduzéierten tëschemënschleche Kontakter.

D'Zuelen an der Belsch ginn allgemeng an déi richteg Richtung: den Drock op d'Spideeler an d'Intensivstatioune léisst lues no, iwwer 3,1 Millioune Leit si mëttlerweil geimpft.