D'Betriber aus dem Bausecteur wiere bis zum éischten Trimester 2022 relativ gutt aus der Corona-Kris komm, dat ënner anerem wéinst enger Rei vu staatleche Bäihëllefen, dat confirméieren och de Mëttelstandsminister an de Wirtschaftsminister an hirer gemeinsamer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
Den Indicateuer d'activité géif awer no engem Pic am éischten Trimester vun dësem Joer elo nees ënner dem Niveau vu virun der Covid-Kris falen.
Eng änlech Entwécklung an der ganzer Eurozon
D'Optragsbicher wieren zwar nach ëmmer voll an dat bis op déi nächste siwe bis néng Méint, de Bausecteur geet awer dovunner aus, datt dat éischter op d'Retarde vu der Covid-Kris zeréck ze féieren ass, déi elo nees opgeholl ginn.
Elo gëtt awer gefaart, datt eng sëllege Clienten hier Opträg no hanne verleeën an doduercher d'Commandesituatioun sech drastesch wäert verschlechteren.
Och d'Perspektive vum Emploi hätte sech verschlechtert. Trotz dem rezente Réckgang vum Vertraue vun de Baufirme wier dëst awer ëmmer nach op engem historesch héijen Niveau. D'Entwécklung wier änlech an der ganzer Eurozon, sou nach d'Ministeren.
Präisdeierecht a Käschte sinn ee Problem
Wat Problemer mécht ass d'Präisdeierecht, déi spillt virun allem bei de Käschte fir Personal, Material an Energie.
Zousätzlech huet d'Stéierung vun de Liwwerketten duerch den Ukrainkrich d'Situatioun verschäerft. D'Opstelle vun engem einfachen Devis wier mëttlerweil en Challenge.
Verschidden Hëllefen, besonnesch beim Energiepräis, sinn dofir och virgesinn. Allgemeng wäert d'Dynamik awer an der Baubranche erofgoen, sou d'Ministeren. Dofir wieren och an der Tripartite verschidde Mesurë geholl gi fir eng gewësse Planungssécherheet ze garantéieren.