Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Sassoli ass an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen

Europaparlament

David Sassoli ass an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen

De President vum Europaparlament David Sassoli ass dout. Hien ass de Moien am Alter vu 65 Joer an enger Klinik zu Aviano an Italien gestuerwen, huet säi Spriecher matgedeelt.

auto_stories

3 min

Foto: © European Union 2019 - Source : EP / Eric Vidal

Een Hommage un en engagéierten Europäerplay_arrow


Den David Sassoli gouf zanter dem 26. Dezember an Italie wéinst enger schwéierer Komplikatioun beim Dysfonctionnement vu sengem Immunsystem behandelt. Eréischt e Méindeg hat d'EU-Parlamant dës Nouvelle public gemaach.

En Dënschdeg de Moien huet dann de Roberto Cuillo, de Spriecher vum David Sassoli op Twitter säin Dout confirméiert:

D'EU-Kommissärin Ursula von der Leyen huet op Twitter hiert Bäileed ausgeschwat: Et géif een e groussen Europäer an e stolzen Europäer verléieren.

Op Twitter huet den EU-Klimakommissär Frans Timmermans dem David Sassoli senger Famill säi Bäileed ausgeschwat.

Och den Europadeputéierte Charles Goerens huet säi Bäileed ausgeschwat:

Den David Sassoli hat an der Vergaangenheet scho Leukemie a war dësen Hierscht wéinst enger Longenentzündung fir e puer Wochen am Spidol.

Den Italiener ass fréiere Journalist-Presentateur fir italienesch Tëleesprogrammer, ier datt en an d'Politik gewiesselt ass. Hei war hien zanter 2019 de President vum Europaparlament.

Dëse Mount sollt säi Mandat op en Enn goen, an der Mëtt vun der Legislatur. D'Wiel fir säi Successeur ass fir den 18. Januar virgesinn. Säi Grupp, d'Sozialdemokraten, haten op ee Kandidat verzicht, fir esou der Kandidatin vun der Europäescher Vollekspartei Roberta Metsola aus Malta de Wee fräi ze maachen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.