Et war en Erliefnes, vun dem de Jerry Schmit an den Tom Capponi hoffen, datt et sech nimools wäert widderhuelen. An awer géife se, genee wéi de 16. Juli, keng Sekonn zécken, seet de Jerry Schmit: "Ech géif direkt erëm an d'Ambulanz klammen a matfueren. [...] Do si mer alleguer zimmlech d'selwecht gestréckt, soss géife mer de Beruff net maachen."
Onverständnis par rapport zu der Kritik
Dowéinst stéisst beim Ambulancier vum Roude Kräiz Kritik op soziale Medie géintiwwer den däitsche Rettungsdéngschter op Onverständnis:
"Et war traureg, datt Leit genau déi Saache fotograféiert hunn wou een da mol eng Kéier eng Minutt do souz an eppes giess huet. Amplaz ervirzehiewen, wat do wierklech geleescht ginn ass, an nach ëmmer gëtt."
Et wier schwéier eng Moral héich ze halen, d'Pompjeeë géifen dat op der Plaz och matkréien. "Do si Pompjeeën derbäi, déi hu riicht duerch geschafft [...] an da kréie se sou Kritik, dat war net fair."
Vill Solidaritéit an eng gutt Zesummenaarbecht
Ganz positiv ware fir de Jerry Schmit d'Erfarung vun der Solidaritéit zu Ahrweiler grad ewéi d'Zesummenaarbecht mam CGDIS verlaf ass. Dat hätt gewisen, datt wann ee wëllt zesumme schaffen, datt een dat och kann.
Hien hofft, datt dat och an Zukunft de Fall wäert sinn, "och intern hei am Land". Dofir bräicht et keng Katastroph, mee et kéint och d'Rettungsdéngschter och anescht ënnerstëtzen. Dat wier positiven Impuls fir d'Zukunft, deen ee géif vun dësem Asaz aus Däitschland mat heem bréngen.
Eng grouss kierperlech a psychologesch Belaaschtung
D'Biller, déi de Jerry Schmit, Beruffsambulancier bei der Croix-Rouge, zu Ahrweiler an der Eifel gesinn huet, wäert hien ni vergiessen.
"Alles däischter, kee Stroum, iwwerall Autoen op der Kopp. Bulli, Haiser voller Bulli, Stroossen mat Trëmmer drop. Wéi mir dunn an der Klinik ukomm sinn: eng Klinik ouni Stroum. Dat war schonn hefteg."
An dach si sinn net dat schlëmmst, wat déi Lëtzebuerger Secouristen, déi de 16. Juli als éischt ausgeréckt sinn, fir an den Iwwerschwemmungsgebidder ze hëllefen, erlieft hunn, seet den Tom Capponi. Dat Schlëmmst wieren d'Geschichte gewiescht, déi d'Leit engem erzielt hunn, wat wierklech geschitt wier, datt Leit gestuerwe sinn.
Och d'Pompjeeë sur place hätte vill Schlëmmes gesinn, an déi missten dat och verschaffen. Mat den Aarbechtskolleegen iwwer dat Erliefte schwätzen ass awer dat, wat hëlleft, se iwwerhaapt ze verschaffen, esou d'Mataarbechter vum Roude Kräiz.
Vu Freides Mëttes bis Sonndes Owes hu si bei Evakuéierungen an Noutfäll gehollef, an hunn sur place och vill Solidaritéit erlieft. Et géing ee reegelrecht "funktionéieren" fir kënnen ze hëllefen, mee déi kierperlech Belaaschtung war grouss, esou den Tom Capponi:
"Eng Infirmière hate mir do getraff, déi och schonn zanter deem d'Katastrophe do war geschafft huet. An déi huet sech selwer missen e Baxter maachen, well se zesumme gaangen ass. Also déi huet och just nach fonctionéiert. An dat ware schonn Erliefnisser wou en dann esou...jo...schléckt."
Datt dës Laascht net nëmmen op engem selwer läit, huet de Jerry Schmit dann och eigentlech richteg realiséiert, ewéi säi siwejärege Bouf iwwer WhatsApp gefrot huet, de Pappa sollt him eng Foto schécken, fir datt hien och gesäit, datt et him gutt geet.