Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat war keng politesch Decisioun"

Planetary Resources

"Dat war keng politesch Decisioun"

D'staatlech Investitiounsbank SNCI ass mat hirem Investissement an déi amerikanesch Firma Planetary Resources bewosst méi en héije Risiko agaange wéi soss. Dat seet de President vun der Bank Patrick Nickels.

auto_stories

2 min

D'SNCI hat 12 Milliounen a Planetary Resources investéiert, mee d'Firma ass mëttlerweil Faillite. Den SNCI-President Patrick Nickels ënnersträicht, seng Bank hätt dësen Investissement net vun der Regierung diktéiert kritt. Et wier zwar eng politesch Decisioun vun der Regierung, notamment vum Wirtschaftsminister gewiescht, fir sech an deem Secteur ze positionéieren.

Iwwer de Risiko war ee sech bewosst

D'Decisioun a Planetary Resources ze investéiere wier am Verwaltungsrot vun der SNCI geholl ginn an ass duerno vun der Regierung approuvéiert ginn, esou wéi d'Gesetz dat virgesäit. Iwwer de Risiko wier ee sech bewosst gewiescht, seet de Patrick Nickels:

"Mir waren eis scho bewosst, datt hei e Risikoprofil ass, dee vill méi héich ass, wéi dat wat mir eigentlech normalerweis gemaach hunn. Mee mir hunn awer och déi Decisioun geholl fir d'Regierung, déi jo 2015 erkläert huet fir Lëtzebuerg an deem do Secteur ze positionéieren, fir d'Regierung an der Missioun ze begleeden."

E villverspriechende Projet

D'SNCI hätt näischt vun der Regierung virgeschriwwe kritt. Wéi d'SNCI a Planetary Resources investéiert hat, hätten eng ganz Rei Leit doran investéiert, déi vill Erfarung am Beräich vu Start-Uppen haten. "Dee Moment, wou mir investéiert hunn, hat déi Entreprise 50 Leit, déi hat Kontrakter vun der NASA fir Fuerschungs- an Entwécklungsprojeten, déi hat e Plan d'affaires, dee virgesinn huet, datt se innerhalb vun enger Rei Jore Beneficer géif ofwerfen, déi haten e konkrete Plang fir Lëtzebuerg.", esou de Patrick Nickels.

Den SNCI-President Patrick Nickels ënnersträicht awer, dëse Verloscht wier eng Ausnahm:

"Mir hu fir 600 Millioune Participatiounen, an déi Participatioune mussen in globo e gerénge Risikoprofil hunn, dofir street een dat jo. Mee dat heescht awer net, datt een net emol een oder deen anere Projet ka maachen, dee méi e grousse Risikoprofil huet. Mee nach eng Kéier: An der Zomm ass et schonn esou, datt mir wëllen dee virsiichtege Profil bäibehalen."