Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat kann an de Kontext vum Klimawandel gesat ginn"

Iwwerschwemmungen

"Dat kann an de Kontext vum Klimawandel gesat ginn"

Zanter dem Ufank vun de Miessunge vum Reen ass hei am Land nach ni sou vill Néierschlag erofgaangen, heescht et vun der ASTA. Experten warnen, datt d'Unzuel vun den extrem Wiederphenomener zouhëlt: eng kloer Konsequenz vum Klimawandel, soen och Lëtzebuerger Spezialisten.

auto_stories

2 min

De 15. Juli goufen et ënner anerem Iwwerschwemmungen am Gronn

De Klimawandel léisst sech net un engem eenzege Wiederphenomen ausmaachen. Villméi ass et statistesch gesinn de Cumul vun Extremevenementer, déi ee betruechte muss, an do géif alles op en Trend hiweisen, seet de Laurent Pfister vum Luxembourg Institute of Science an Technology LIST.

Dëse Cumul géif ee beonrouegen: 2016 an 2018 hätt ee scho Staarkreen gehat, grad ewéi méi fréi am Joer. Zousätzlech hätt et en Tornado ginn, an déi aktuell Iwwerschwemmunge vum 15. Juli, esou de Laurent Pfister. Hie setzt déi Wiederphenomener an de Kontext vum Klimawandel.

"Mir wëssen iwwer Medie vun anere ganz extreme Wiederphenomener ronderëm d'Welt. Dat sinn alles Signaler, déi dorop hiweisen, datt sech do eppes deet, an net onbedéngt an déi gutt Richtung."

Den Impakt vum Klimawandel

D'Iwwerschwemmungen goufen duerch en Déifdrockgebitt verursaacht, dat sech iwwer Däitschland festgesat huet. D'Unzuel vu staarken an extremen Nidderschléi géifen awer generell zu Lëtzebuerg zouhuelen, esou och de Constat vum Andrew Ferrone, Meteorolog bei der ASTA.

Souwuel d'Frequenz, wéi och d'Unzuel vun den Evenementer géife mam Klimawandel zouhuelen. Dat hätt een och zu Lëtzebuerg festgestallt, datt et ëmmer méi Deeg ginn, wou et staarken oder extremen Nidderschlag gëtt. An den 1950er Jore wieren dat an der Moyenne 15 Deeg d'Joer gewiescht, mëttlerweil wier een op 18 Deeg d'Joer.

Staarken Nidderschlag, wéi dee vun e Mëttwoch, géifen duerch de Klimawandel ëmmer méi probabel ginn, sou den Andrew Ferrone. Zu Lëtzebuerg wieren d'Temperaturen haut 1,9 Grad Celsius méi waarm wei déi läscht 30 Joren. Wann d'Loftmasse méi waarm sinn, huele se och méi Fiichtegkeet op, a wat méi Fiichtegkeet an der Loft ass, wat et natierlech och méi Ree ka ginn, erkläert de Meterolog.