Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ka keen eleng packen"

Event-Secteur

"Dat ka keen eleng packen"

Zanter méi wéi siwe Méint géint am Eventberäich bal net méi geschafft, an d'Perspektive fir déi nächst Zäit si schlecht. D'LEA, Intressevertrieder vun enge 75 Betriber hofft elo op weider staatlech Hëllefen. De Secteur ass solidaresch, esou de Charel Schroeder, mee et erwaart ee sech am Géigenzuch och Solidaritéit.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Hochzäite ginn ofgesot, Concerte falen aus a grouss Chrëschtdagsfeieren dierft et dëst Joer keng ginn: D'Betriber aus dem Beräich vum Evenementiel gehéieren zu deenen, déi d'Kris am Stäerksten ze spiere kréien. Dobäi wier de Secteur virun der Pandemie immens stabel gewiescht: "Et waren alles gesond Betriber, déi kee strukturelle Problem haten", seet de Charel Schroeder, President vun der Luxembourg Event Association (LEA).

"Soss gëtt et een düstert Liewen"

D'Solidaritéit wier grouss am Secteur, seet hien, et wier evident, datt d'Spideeler misste kënne fonctionéieren. Mee de Charel Schroeder mécht och kloer, datt ee sech eng Géigeleeschtung erwaart: "Dofir muss d'Gesellschaft sech awer och solidaresch mam Secteur weisen, well ech sinn iwwerzeegt; eis Betriber ginn erëm gebraucht, wann de Marché zeréckkënnt, soss gëtt et och een düstert Liewe fir eis Gesellschaft".

Weider Hëllefe gi gebraucht

D'LEA hofft elo op weider staatlech Ënnerstëtzung. Datt d'Mesure vum Chômage partiel et erlaabt, d'Salariéë weider an de Betriber ze halen, wier eng gutt Saach, mee de Secteur bréicht weider och d'Méiglechkeet, fir déi fix Käschten ze decken. "Do geet et ëm Loyeren, déi musse bezuelt ginn, do geet et ëm Leasingen an Assurancen, grad wéi Amortissementer", erkläert de Charel Schroeder. Et wiere Fraisen, déi ufalen, och wann net geschafft gëtt, an déi de Betriber "den Hals ëmmer méi zouzéien". Op laang Dauer géif "keen Entrepreneur dat eleng packen".

"De Krees huet sech nach zougezunn"

D'Mesuren, déi e Freideg vun der Regierung decidéiert goufen, wieren eng zousätzlech Belaaschtung, esou de Charel Schroeder am 100,7-Interview. Mam Couvre-feu vun 23 Auer owes u wier et schwéier "nach eppes Propperes" ze organiséieren. "De Krees vun deem, wat méiglech ass, huet sech elo nach eemol zougezunn", fënnt de President vun der LEA.

Hoffen op d'Impfung a Schnelltester

D'LEA geet dovun aus, datt de Secteur vum Evenementiel nach ee gutt halleft Joer wäert am aktuelle Modus weiderfueren, an also eréischt am nächste Summer erëm vill méi Aktivitéit wäert opkommen. De Secteur hofft, datt bis dohin en Impfstoff wäert disponibel sinn. En attendant, wieren och Schnelltester op de Covid-19 eng Méiglechkeet fir erëm méi grouss Evenementer ze organiséieren.

D'LEA huet eng 75 Memberen, dorënner Traiteuren, Experte fir Toun a Luucht a Betriber, déi grouss Fester organiséieren.