Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Second Judy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat interkulturellt Bewosstsinn an eise Schoule stäerken

Fräie Mikro

Dat interkulturellt Bewosstsinn an eise Schoule stäerken

De Plan de développement scolaire leeft normalerweis dëst Joer aus. En neie Plang muss vun de Schoulen ausgeschafft ginn an da vun de Gemengeréit gestëmmt ginn. Mee ginn do Ziler wéi den Ëmgang mat der Diversitéit vun eiser Schoulpopulatioun berécksiichtegt, freet sech am Fräie Mikro d'Laura Zuccoli, d'Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Dat friddlecht Zesummeliewen an eiser heterogener Gesellschaft berout op Wäerter vun Toleranz, Respekt, géigesäitegem Interessi an Empathie. Dës Wäerter sinn net inherent zum Mënsch, mee se musse geléiert ginn. Am beschte léiert een dës Wäerter vu klengstem un, an der Schoul, Theemen- a Stonneplang-iwwergräifend, lassgeléist vun all reliéisem oder politeschem Hannergrond.

De Plan de développement de l'établissement scolaire kéint derbäi eng wichteg Roll spillen. Dësen dräi-Jores-Plang, deen zanter 2017 vun all Schoul am Fondamental an am Secondaire muss opgestallt ginn, soll hëllefen, d'Organisatioun vun der Schoul un d'Bedürfnisser vu der Schoulcommunautéit unzepassen. Esou gi Schwéierpunkten entwéckelt, Prioritéiten an Objektiver gesat. Dës sollen ausgeschafft an ëmgesat ginn, zesumme mat de Kanner an hiren Elteren, den Enseignanten an den Educateuren aus der Maison relais, de Gemengeverantwortlechen a villen aneren Acteuren.

"D'Gemengen hu keen Afloss méi op d'Schoul!" Dës Ausso héiert een ëmmer erëm. Mat der Schoulorganisatioun an haaptsächlech mam Plan de développement scolaire, dee vum Gemengerot muss validéiert ginn, kënnen déi Gemengeverantwortlech d'Schoul aktiv matgestalten.

Wäerter vermëttelen

Dëse Plang bitt d'Chance fir eng Biergerbedeelegung vu Kanner, Jonken, Elteren, Grousselteren, Associatiounen a schouleschen an ausserschouleschen Experten an erméiglecht eng wichteg Wäertschätzung a Responsabiliséierung vun all dësen Acteuren.

Et ass eng Bréck tëschent der Schoul an der Gesellschaft, eng Chance fir relevant gesellschaftspolitesch Theemen mat an d'Schoul ze huelen an do mat de Kanner opzeschaffen. De Schoulkader gëtt genotzt fir Wäerter, déi wichteg si fir de sozialen Zesummenhalt un d'Kanner erunzedroen an iwwer si un hir Famillen an un hire Frëndeskrees.

Ouni direkt op de Programm vun den eenzele Fächer anzewierken, kann de Plan de développement scolaire e Kader fir en neit interkulturellt Bewosstsinn an eise Schoule schafen. Esou kann eng seriö a couragéiert Zesummenaarbecht mat den ausserschouleschen Acteuren an der Gesellschaft opgestallt ginn.

Diversitéit als Stäerkt, net als Problem ugesinn

Opgrond vun eiser eenzegaarteger Situatioun mat enger Bevëlkerung, déi zu Hallschent auslännesch, zu engem Véierel lëtzebuergesch mat Migratiounshannergrond an zu engem Véierel Stack-Lëtzebuergesch ass, wiere mer gutt beroden, eis Diversitéit endlech als Stäerkt unzegesinn an net als Problem. Amplaz eis op déi sproochlech Schwächte vun den Net-Lëtzebuerger ze fokusséiere, wier et ubruecht, de mënschleche Räichtum vun eiser internationaler Gesellschaft richteg ze verstoen an auszenotzen.

D'Qualitéit vum interkulturellen Zesummeliewen am Lëtzebuerg vu muer gëtt iwwer d'Astellung vun de Kanner vun haut zu der Diversitéit an eisem Land definéiert. Dat sollte mer net dem Zoufall iwwerloossen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.