Radioen

On air

De Weekend  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat hunn ech an 20 Joer nach net gesinn"

Gesondheet

"Dat hunn ech an 20 Joer nach net gesinn"

Wéinst Eecheprozessiounsspënner, Grasmilben an Insekten hu vill Leit ee staarken Hautausschlag. D'Nofro no Mëttele fir de Bass ze stëllen wier grouss, seet de Präsident vum Apdikter-Syndikat Alain de Bourcy.

auto_stories

2 min

An de leschten Deeg si vill Leit hei am Land vun engem staarken Hautausschlag betraff. Dat huet eis d'Presidentin vum Cercle vun de Generalisten, Stephanie Obertin, op Nofro hi confirméiert.

Den Ausschlag weist sech a Form vu roude Flecken, déi bäissen an déi um ganze Kierper kënnen optrieden. Als méiglech Ursaach gëllt eng allergesch Reaktioun op Grasmilben. An och d'Hoer vun der Raup vum Eechenprozessiounsspënner kënnen den Ausschlag verursaachen.

Grouss Nofro bei den Apdikten

D'Apdikte wiere mat enger aussergewéinlech staarker Nofro konfrontéiert, fir Mëttele géint de "Juckreiz", sot eis de President vum Apdikter-Syndikat, den Alain de Bourcy:

"Déi meescht Leit hunn am Ufank gemengt, et wiere Moustiques-Piquen. Dann hu Leit gesot, et wieren déi Eecheprozessiounsspënner. A sou engem Ausmooss si mir dat net gewinnt gewiescht. An dann huet et op eemol geheescht, et wieren d'Grasmilben, déi am dréchene Gras sëtzen, well et esou waarm ass an d'Leit vill dobausse sinn. Sou eng Nofro no Juckzreiz-stëllende Mëttelen, souwuel als Gel ewéi a Pëlleform, bannent nëmme 24 Stonnen - dat hunn ech an den iwwer 20 Joer wou ech schaffen, nach net gesinn"

An den Apdikte wiere genuch Antihistamine-Mëttelen op Stock, esou den Alain de Bourcy nach.

"Et ass d'Saison"

D'Léa Bonblet vun der Asbl Natur&Ëmwelt erkläert, firwat de Phenomeen grad elo optrëtt:

"Bei de Grasmilben ass et einfach duerch d'Hëtzt an d'Dréchent, an et ass d'Saison, wou déi ganz aktiv sinn a schlüpfen. Beim Eecheprozessiounsspënner ass et elo och d'Zäit. An doduerch, datt elo och nach d'Loft geet, brauch een nëmmen ënnert e puer Eechen duerch ze goen, da kritt een där Hoer op sech geblosen. Wann een dat dann net mierkt, sinn déi Hoer an de Kleeder an esou de ganzen Dag op der Haut, sou datt een dann effektiv deen Ausschlag dovunner kritt."

Fir de Kontakt mat Grasmilben an Eichenprozessionsspinner ze evitéieren, soll ee méiglechst net mat plakege Been duerch eng Wiss goen - an op Distanz zu Eeche bleiwen. Iwwerdeems sollt een dacks duschen a reegelméisseg d'Kleeder wäschen, sou nach Lea Bonblet vun Natur an Ëmwelt.