Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat hänkt dovun of, wéi een de Pluralismus gesäit"

Medielandschaft

"Dat hänkt dovun of, wéi een de Pluralismus gesäit"

L'essentiel Radio kritt d'Méiglechkeet seng territorial Couverture a säin Auditoire weider ze verstäerken. D'Gesellschaft RadioLux kritt d'Notzungsrechter fir e Reseau vu sechs zousätzleche Radio-Frequenzen. De President vun der ALIA Thierry Hoscheit erkläert am 100,7-Interview, firwat L'essentiel Radio den Zouschlag fir déi zousätzlech Frequenze kritt huet, an net deen anere Kandidat AirFM 24.

auto_stories

2 min

Thierry Hoscheit

Den Interview mam Thierry Hoscheitplay_arrow


Thierry Hoscheit: Mir hunn d'Avantagë vun de Kandidate géinteneen ofgewien, a mir sinn zur Conclusioun komm, datt den Dossier vu L'essentiel méi de Konditiounen an den Erwaardunge géif entspriechen, wéi deen aneren.

Serge Kesseler: Wéi eng Konditiounen oder Erwaardunge sinn dat?

D'Erwaardunge fir de Publikum ze touchéieren, d'Erwaardunge fir e Programm ze bidden, deen interessant ass, d'Erwaardung fir eng Perenitéit op d'Durée ze garantéieren. Dat war e relativ wichtegen Aspekt, no den Evenementer an der Vergaangenheet, wou schonn zwee Kandidate sech un deem Reseau d'Zänn ausgebass hunn. Ekonomesch muss déi Saach sech och kënnen droen.

D'ALIA betount am Communiqué direkt e puermol de Mediepluralismus, ass är Decisioun wierklech e Bäitrag fir méi Pluralismus ze garantéieren?

Dat hänkt dovun of, wéi een de Pluralismus gesäit. Déi eng Approche ass, fir ze soen "mir wëllen esou vill verschidde Radioe wéi méiglech am Land hunn", sachant, datt mat engem Reseau keen dat ganzt Land kann ofdecken. Déi zweet Approche ass fir ze soen "Mir hunn hei e Sender, dee besteet, deen deckt en Deel vun der Populatioun of an en deckt den aneren Deel vun der Populatioun net of." De Pluralismus besteet dann doran, fir deen Deel vun der Populatioun, deen net ofgedeckt ass, och an de Benefice vun deem bestoende Radio ze kommen. Mir sinn op dee Wee gaangen, fir dem Pluralismus an där Optik de Virrang ze loossen.


De Projet L'essentiel Radio vun der Gesellschaft RadioLux mat Sëtz zu Déifferdeng kritt d'Notzungsrechter fir e Reseau vu sechs zousätzleche Radio-Frequenzen. Dat huet d'Kontroll-Autoritéit ALIA de Mëttwoch matgedeelt. Domat kéim L'essentiel Radio senger Bestëmmung méi no, fir eng national Couverture ze assuréieren, heescht et.

Bei der Ausschreiwung am Abrëll ware keng speziell Konditioune fir den Inhalt a fir d'Sprooch vum Programm gestallt ginn.

L'essentiel Radio, deen et zanter 2016 gëtt, gouf bis elo op zwou Frequenzen ausgestraalt. Dorënner déi national 107,7, déi bis 2014 vum DNR genotzt gouf.

D'RTL-Mammenhaus ass zu 25 Prozent u "L'essentiel Radio" bedeelegt. D'ALIA hätt keng Informatiounen, datt d'CLT-UFA hir Bedeelegung un der Bedreiwergesellschaft RadioLux wéilt vergréisseren, esou nach den Thierry Hoscheit.