Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch preparéiert Depart aus Regierung

Lëtzebuerg

Dan Kersch preparéiert Depart aus Regierung

Den Aarbechtsminister Dan Kersch schléisst net aus, datt hie virun de Chamberwale vun 2023 als Minister ophält. Hie géif den Ament driwwer nodenke wéi hie säi perséinlecht Liewe wéilt gestalten, esou de sozialistesche Vize-Premier am 100,7-Interview. Op RTL Radio hat hie virdrun annoncéiert, datt hie bei den nächste Walen net wéilt LSAP-Spëtzekandidat gi well hien dono och net méi wéilt Minister sinn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Wéi et weider geet, géif ënnert anerem vu senger kierperlecher a psychescher Verfassung ofhänken, erkläert den Dan Kersch op Nofro hin. Eisen Informatiounen no huet den Dan Kersch an de leschte Woche virun Zeie gesot, hie géif driwwer nodenke säi Ministermandat fréizäiteg opzeginn, a kéint jo dann an d'Chamber wiesselen. Ass dat eng Optioun?

Am 100komma7-Interview seet den Aarbechtsminister Dan Kersch, datt et momentan net zur Diskussioun géif stoen, als Minister zerécktrieden.

"Mee wann dat eng Kéier de Fall wier kann ech dat jo dann net eleng decidéieren. D'Partei decidéiert iwwer Nofollger an dat hänkt dovun of ob ech kann a Chamber goen oder net."

Sécher wier elo just, datt hien net wéilt LSAP-Spëtzekandidat ginn - eppes wat den Dan Kersch virun zwee Joer hei um Radio nach net ausgeschloss hat. Wéi kënnt hie lo zu där Decisioun? D'LSAP hätt d'Chance bei den nächste Wale stäerkste Partei ze ginn an de Premier ze stellen, an ënnert anerem d'LSAP-Gesondheetsministerin Paulette Lenert wier eng ganz gutt Kandidatin dofir: "Ech wäert mat Sécherheet net déi richteg Persoun dofir sinn. Premier, dofir sinn d'Schung mir ze grouss. Dofir brauch een nach aner Talenter, déi ech net hunn: Representéieren, diplomatesch sinn... Dat war ni mäi Charakter an dofir sinn ech och net un deem Posten interesséiert".

Den Dan Kersch gëtt ze verstoen, datt hie sech wéinst sengem 60. Gebuertsdag am Dezember och d'Fro stellt, ob hien nach Loscht op verschidde Saachen huet. Als Minister wier hien nach motivéiert, an en hätt nach vill Projeten, mee manner motivéiert wier hie wann hien an engem Interview wéi de Moie bei RTL Froen iwwer seng Duechter, d'Juso-Co-Presidentin Lisa Kersch, gestallt kréich. Dat wier fir hien inakzeptabel, sou den Dan Kersch.

Den Dan Kersch preparéiert an der Ëffentlechkeet also säin Depart aus der Regierung. Ob en awer bis zu de Chamberwalen nach Vize-Premier an Aarbechts- a Sportminister bleift, bleift no sengen Deklaratiounen haut an der Press onkloer.