Dan Kersch (LSAP) - Roy Reding (ADR)

Spuere bei de sozial Transferten, wéi beispillsweis bei de Chômage-Indemnitéiten, dat kennt fir d’LSAP réischt a Fro, wann all déi intelligent Steier-Haussen a Spuermesuren bei den Ausgaben opgebraucht sinn. Dat sot den LSAP Kandidat am Süden den Dan Kersch, de Moien am Face-à-Face um 100,7. D’ADR-Propos fir d’Chômage-Indemnitéiten progressiv no ënnen ze schrauwen wann eng Persoun bei der ADEM ageschriwwen ass, huet den ADR Kandidat am Zentrum Roy Reding esou erklärt, datt nees eng Mentalitéit vun der “Leeschtung” zu Lëtzebuerg misst geschaaft ginn.

ADR an LSAP sinn och net d’Accord wat d’Iwwerleeung iwwert d’Rëm Aféiere vun enger Verméigensteier ugeet. Dat wier den "Doudes-Stouss" fir d’Finanzplaz, esou de Roy Reding dee betount huet, datt eng Steier op d’Verméigen eng Steier op scho besteiert Geld wier. Den Dan Kersch sot dat wier net ëmmer richteg an huet dofir plädéiert, datt an enger Steier-Reform all d’Aspekter missten berücksichtegt ginn.

De Face-à-Face vum 16. Oktober, moderéiert vum Francois Aulner, kënnt Dir hei nolauschteren.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/9/0/242515_wahlen-2013.mp3"]

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen