Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschen Dräiklang fir Europa

NEI DÄITSCH REGIERUNG

Däitschen Dräiklang fir Europa

Wat bedeit eng däitsch rout-gréng-blo Regierung fir d'Europäesch Unioun? Eng Analys vum Koalitiounsvertrag iwwer déi europapolitesch Ambitioune vun der Ampel-Regierung.

auto_stories

6 min

"Kommen elo déi vereenegt Staaten vun Europa?" titelt den däitsche Magazin "Der Spiegel" de leschte Freideg, a schwätzt vun engem méigleche radikalen Nei-Start an der däitscher EU-Politik.

Effektiv gëtt et am Koalitiounsaccord Zeechen dofir, datt d'Ampelkoalitioun e bëssen anescht un d'EU erugeet.

D'EU soll reforméiert ginn, sou steet direkt um Ufank vum Europa-Kapitel an dësem Accord. An Ännerungen an den EU-Kontrakter, déi domat zesummenhänken, géife vun der däitscher Regierung ënnerstëtzt ginn.

Föderalismus à la Schröder-Fischer

D'Amandine Crespy, Professorin fir Science politiques an Europäesch Etüden op der Université libre zu Bréissel gesäit hei duerchaus e Broch mat der Politik, déi 16 Joer laang vun der Kanzlerin Angela Merkel gepräägt gouf.

"Il est est assez frappant de lire noir sur blanc dans le contrat de coalition que le nouveau gouvernement fédéral soutient un changement des traîtés. Ceci n'était pas du tout la ligne Merkelienne, et d'ailleurs non plus celle des autres gouvernements. À cet égard il y avait une sorte de consensus pour ne pas ouvrir la boîte de Pandore, ne pas mettre en lumière les désaccords."

D'Europaparlament stäerken, zum Beispill beim Initiativrecht fir Gesetzer ze proposéieren oder awer de Saz, datt een der Gemeinschaftsmethod nees eng Prioritéit wëllt ginn, dat ass fir d'Wëssenschaftlerin een neien Toun an der däitscher EU-Politik.

"J 'ai l'impression qu'on renoue avec un certain discours fédéraliste de l'ère Fischer-Schröder, de la première coalition rouge-verte, où on prônait vraiment une Europe fédérale. Le contexte maintenant est différent, mais néanmoins on lit quelque chose q'on n'avait plus lu depuis très longtemps dans les positions allemande,s à savoir qu'on allait vers une fédéralisation de l'Union Européenne."

Méi groussen Accent op Investitiounen

Eng Revolutioun also? Net wierklech, preziséiert d'Amandine Crespy. D'Kapitel iwwer d'Budgets- a Steierpolitik fält nämlech däitlech méi vag an am Toun méi konservativ aus.

Däitschland steet bekanntlech, wat eng Reform vun der Eurozon ugeet, op der Brems, wëllt um ale Modell vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt festhalen.

Verschidde Remarken am Koalitiounsvertrag hu fir Diskussioune gesuergt. Zum Beispill déi, datt dee Pakt seng "Flexibilitéit gewisen hätt". Grad an deem Punkt war déi fréier Bundesregierung ganz retizent, si war géint méi Flexibilitéit an huet u strikte Reegele festgehalen, déi garantéieren, datt d'Staatsscholde sech a Grenzen halen.

Fundamental ännert sech dorun näischt, den Accent gëtt awer elo méi op Investitioune geluecht, seet de Guntram Wolff, Direkter vum Think Tank Bruegel zu Bréissel.

"Im Koalitionsvertrag steht tatsächlich drin, dass es erheblichen Investitionsbedarf gibt, und dass man bereit ist, darüber zu diskutéieren, Möglichkeit zu finden, sie zu finanzieren. Da gibt es noch viel Interpretationsspielraum, doch ich glaube schon, dass man zumindest eine gewisse Offenheit sieht, etwa Investitionen in den Klimaschutz teilweise mit Defiziten zu finanzieren."

Sou wäit, datt d'EU vun dëser däitscher Regierung ee Fräibréif krit, zesumme Scholde maachen, geet d'Ampel sécher net, betount iwwerdeems de Finanzexpert.

Däitschland hat sech dogéint bekanntlech um Schluss am Kader vum Corona-Hëllefspläng net méi gewiert. Dat Instrument wier zäitlech an am Volume limitéiert, heescht et am Text. Och hei gëtt et awer ee gewëssen Interpretatiounsspillraum, sou de Guntram Wolff.

"Dieses Wiederaufbauinstrument bleibt ein einmaliges Instrument. Das ist auch die Position der neuen Bundesregierung. Das heisst aber nicht, dass man wenn es etwa in fünf Jahren eine neue grosse Krise gibt, dieses Instrument nicht wieder entdecken kann. Insofern kann es eine Wiederholung eines solchen Instrumentes geben."

Däitlech Aussoen zum Rechtsstaat

Vill méi däitlech dréckt sech déi nei Regierung aus, wann et ëm d'EU an de Rechtsstaat geet. D'Europäesch Kommissioun gëtt ausdrécklech opgefuerdert all d'Moyenen ze benotzen, déi hir zur Verfügung stinn, fir géint Bréch mat den EU-Verträg virzegoen.

Do ass vun rout-gréng-blo méi ze erwaarde wéi vun der grousser schwaarz-rouder Koalitioun, dovun ass d'Sophie Pornschlegel vum "European Policy Centre" iwwerzeegt.

"Die neue Bundesregierung wird auf jeden Fall die Kommission unterstützen in ihrem Vorhaben, sicherzustellen, dass Rechtsstaatlichkeit gewährleistet ist in der EU. Schon alleine, dass es im Text ein extra Kapitel gibt, das sich damit beschäftigt, zeigt einen grossen Wandel. Im Koalitionsvertrag der grossen Koalition im Jahr 2017 gab es nichts dazu, obwohl die Situation auch damals schon sehr komplex war."

Och d'Amandine Crespy liest aus deem aktuellen Text eraus, datt déi zukünfteg däitsch Regierung méi Drock wäert maachen. Och fir si eng Richtungsännerung an der däitscher EU-Politik:

"C'est une presssion que Angela Merkel n'avait pas mis sur la Commission européenne. On la sentait plutôt enclinée vers des accords politiques avec ces pays, plutôt que vers l'action juridique, institutionelle, légale des institutions supranationales, en particulier de la Commission et de la Cour Européenne de justice."

Dräi verschidden Handschrëften

Erstaunlech wéineg ass an deem Vertrag iwwer de Kampf géint Steierevasioun an der EU ze liesen, fënnt iwwerdeems d'Chiara Putaturo vun Oxfam.

D'ONGen, déi sech op deem Gebitt asetzen, sinn enttäuscht, vu datt bei deene Gréngen, Leit aus hiren eegene Reien, wéi den Europadeputéierten a fréieren ATTAC-Aktivist Sven Giegold, un deem Accord matgeschriwwen hunn. Zu deene grousse Reformen, déi op europäeschem Niveau geplangt sinn, géif näischt am Koalitiounsaccord dra stoen.

"Warscheinlech huet ee missen ee Kompromëss mat der FDP fannen, vun deene Gréngen an der SPD hätt ech mer méi erwaart", sou d'Expertin fir Steier-Politik vun Oxfam.

Et ass net deen eenzege méi kontroverse Punkt, deen an deem Koalitiounsvertrag net duerch geholl gëtt. Ween den Text liest, mierkt, datt en net onbedéngt aus engem Goss ass ma datt dräi verschidden Auteuren dohannert stiechen, sou de Guntram Wolff.

Dat wier net nëmmen am Europakapitel esou, ma dat wier och net onbedéngt schlëmm. Sou laang déi viséiert Ziler effektiv verfollegt ginn, kéint doraus een Dräiklang entstoen, dee fir Europa net falsch ass, fënnt den däitschen Ökonom.

Eng Viraussetzung dofir ass natierlech, datt déi Politik an der Praxis dono esou ëmgesat gëtt, wéi elo an deem Pabeier beschriwwen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.