Radioen

On air

Notturno  |  Broadstrokes - Underwater

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch-tierkesch Wieler gefaangen tëschent de Fronten

Bundestagswahlen

Däitsch-tierkesch Wieler gefaangen tëschent de Fronten

An zwou Woche gëtt an Däitschland en neit Parlament gewielt. Bei de Bundestagswahle musse sech déi däitsch-tierkesch Wieler net nëmmen tëschent de Parteien mee och tëschent hire Länner entscheeden.

auto_stories

3 min

Et däerf ee roueg e bëssi pessimistesch sinn. Déi däitsch-tierkesch Relatioune si scho laang net méi gutt. Bal deeglech kënnt et zu diplomateschen Ufeindungen tëschent Berlin an Ankara. Fir vill tierkesch an däitsch-tierkesch Bierger an der Bundesrepublik ass dat e Problem. Si geroden ëmmer méi tëschent d'Fronten an an de Mëttelpunkt vun der Kritik - grad am Virfeld vun der Bundestagswahl.

Réckgang vu Participatioun bei Tierken?

De Meenungsfuerscher Joachim Schulte analyséiert schonn zënter Joren d'tierkesch Communautéit an Däitschland. Déi diplomatesch Tensioune wäerten en Afloss op d'Wahlen hunn, dovun ass hien iwwerzeegt.

"Bei de leschte Wahle louch d'Participatioun bei den Däitschtierken nach bei 70 Prozent. Bei dëse Wahle wäerte mir ee Réckgang erliewen."

Och wann d'Integratiouns- an d'Sozialpolitik weiderhi wichteg Theme bleiwen, réckele bei de Wahlen aner Saachen an de Fokus, seet de Joachim Schulte. Bei den Däitschtierke wier et zu enger Desillusionéierung komm, dat géif aus Ëmfroen ervir goen. "DVerhältnis zu der Tierkei gëtt bei dëse Wahle sécher nees méi wichteg."

Boykott vu grousse Parteien?

Den tierkesche Präsident Erdogan hat kierzlech dozou opgeruff, net d'SPD, d'CDU oder déi Gréng ze wielen. Si wiere Feinde vun der Tierkei an missten dofir bestrof ginn. Falen dem President seng Fuerderungen op daf Oueren oder fënnt hien Uklang? Et géif an Däitschland vill AKP-Unhänger ginn, seet de Joachim Schulte. En Deel vun den Tierke géif op dat lauschteren, wat den Erdogan seet.

"Kalif von Neukölln" gëtt den Integratiounsexpert Kazim Erdogan genannt. Hie gleeft net dorun. Fir hie spillen d'Relatiounen tëschent béide Länner eng Nieweroll.

"Och wann ee rosen iwwer d'Kanzlerin oder d'SPD ass, wäert een herno awer fir si wielen. D'Wahle si jo keng Ofstëmmung tëschent Däitschland an der Tierkei."

Den Debat iwwer d'Integratioun

Trotzdem ass domadder ze rechnen, datt no der Bundestagswahl kritesch iwwert den däitsch-tierkesche Vote diskutéiert gëtt. Grad wann d'Wahlbedeelegung hei erof geet, wéi et virausgesot gëtt. Schliisslech ass et just e puer Méint hier, datt de Vote zum tierkesche Verfassungsreferendum an Däitschland een Debat iwwert d'Integratioun an d'Loyalitéite vun den tierkesche Bierger ausgeléist hat. De Kazim Erdogan hofft, datt et net dozou kënnt. Ee potenzielle Problem gesäit hie bei den däitsche Medien. Déi géifen ëmmer dat Negatiivt an de Virdergrond stellen.

Den Atila Karabörklü ass Bundesvirsëtzenden vun der TGD, der Türkischen Gemeinde in Deutschland. Och hien ass besuergt iwwert d'Konsequenze fir d'tierkesch Communautéit, déi déi aktuell Diskussiounen no sech zéien. Et dierft een net verallgemengeren, seet hien:

"Et gëtt keng Spaltung an der tierkescher Communautéit an Däitschland. Awer allgemeng ass d'Stëmmung bannent der Communautéit ganz diskursiv. Et gëtt vill debattéiert. Et gëtt jo och net nëmmen eng tierkesch Communautéit, mee vill ganz ënnerschiddlecher."

Et misst een ewech komme vun der simpeler Rhetorik an der Exklusioun, déi och vun der däitscher Politik verstäerkt géif ginn. Aussoen, wéi dem Inneminister Thomas de Maizière seng Leitkultur-Richtlinnen, déi den Alldag an Däitschland regele sollen, fënnt de Kazim Erdogan kontraproduktiv.

De Frënd ouni Feeler

De Joachim Schulte bleift optimistesch a gesäit an den Tensiounen och eng Chance fir d'Integratioun. Hie géif et begréissen, wann den Debat géif opliewen - en dierft awer net vum rietse Bord kommen. Déi däitsch Gesellschaft hätt an der Vergaangenheet ze seelen den Dialog mat tierkesche Bierger gesicht.

Ween zu Berlin an enger vun de sëllechen tierkeschen Bäckereien akeeft, kann op der Tut dacks een anatolescht Spréchwuert liesen: "Ween ee Frënd ouni Feeler sicht, bleift ouni Frënd." An der däitscher Integratiounspolitik schéngt dat Motto nach net ukomm ze sinn.