Wéinst der geplangter Ausgangsspär tëschent owes 11 a moies 6 Auer géif si sech ganz vill Gedanken ëm d'Leit op der Strooss maachen, esou d'Directrice vun der ASBL Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay.
"Et gi Strukturen am Dag, mee et gëtt keng Struktur fir d'Nuecht ausser de Foyer Ulysse an den Abri Sud, déi gewéinlech Strukturen. Ech froe mech einfach, wat elo mat deene Leit geschitt? Kréien déi elo e Protokoll, well sI dobausse sinn? Engem Plakege kann e jo net an d'Täsch gräifen."
Hiren Informatiounen no géifen all déi aktuell Nuetsstrukturen net duergoe fir all d'Leit ouni fest Doheem ënnerzebréngen, esou d'Directrice vun der Stëmm vun der Strooss.
Hir ASBL schafft daagsiwwer mat dëse Leit. Duerch d'Ausgangsspär kéinten déi Betraffen nach méi nervös ginn, esou d'Aschätzung vun der Alexandra Oxacelay.
"Ech mengen, d'Leit wäerte méi krank ginn, d'Leit wäerten nach méi schlecht drop sinn, wéi sI et elo scho sinn. Dat wäert fir si nach méi schwiereg sinn. An dat läit jo op der Hand, wa Leit, deenen et guttgeet schonn angoisséiert sinn a sech vill Gedanke maachen an dëser Krisenzäit, da kënnt Dir Iech jo virstellen, datt Leit, déi méi schwaach a méi krank sinn, datt et fir déi nach vill méi schwiereg ass."
Zuele wéi vill Infektioune mam Coronavirus et bei de Leit ouni feste Wunnsëtz ginn, hätt d'Stëmm vun der Strooss keng. Fir déi medezinesch Versuergung vun dëse Leit géif et eng Koordinatioun tëschent fënnef ONGe mat Doktere gi fir direkt kënnen anzegräifen a fir d'Leit kënnen ze testen, esou d'Directrice vun der Stëmm vun der Strooss.