Radioen

On air

De Moien  |  Tame Impala - The Less I Know The Better

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'USA hu scho verluer

US-Presidentschaftswahlen

D'USA hu scho verluer

Egal ob Donald Trump oder Hillary Clinton - Nom US-amerikanesche Wahlkampf waart op Amerika eng däischter Zukunft. D'Wahlcampagne huet grousse Schued ugeriicht an ee schlecht Bild vun den USA gezeechent.

auto_stories

3 min

Simone Beck

Egal wien d'US-Presidentschaftswahle gewënnt, Amerika huet elo scho verluer. Deen onsägleche Wahlkampf huet d'amerikanesch Gesellschaft - nach méi wéi si et schonn ass - zerrappt, d'politesch Institutioune vum Land a Fro gestallt an d'aussepolitesch Stellung vun den USA staark geschwächt.

D'Gesellschaft ass gespléckt wéi seelen: Op där enger Säit, esou den Donald Trump, dat buedemstännegt, éierlecht Vollek,. Op där anerer Säit eng dekadent a korrupt Elite. Déi Leit, déi an den USA den Donald Trump wielen, gehéieren (heefeg) zu den ënneschte soziale Schichte mat wäisser Hautfaarf. Fir si war schonn e schwaarze President eng Zoumuddung. An elo och nach e weiblechen?

Da léiwer e vulgären, inkompetenten, rassistesch a sexistesch Businessmann, deem seng verbal Kompetenzen en Tweet net iwwerschreiden. Awer ob den Donald Trump President gëtt oder net, hien huet d'Veruechtung vun Homosexuellen a Fraen, d'Veruerteelung vun Immigranten a Moslemen, d'Béie vun Tatsaachen a primär Provokatioune salonfäeg gemaach. A wann de Republikaner President sollt ginn, da sinn all déi Haltungen duerch eng Wal sanktionéiert an am héchsten Amt verankert.

Phänomen Hitler

Politesch Observateure gesi mat Suerg en Discours, dee fatal un dee vum Adolf Hitler erënnert. Ee vun hinne sot: "Duerch d'Eropkomme vum Trump verstinn ech de Phänomen Hitler." D'Observateure si besuergt iwwer d'Afrostellung vun deenen Institutiounen, déi bis elo den amerikanesche Staat gedroen hunn. Den Donald Trump eleng kann all Problemer léisen (I alone can fix it). Eng kritesch Press brauch hien net. Genereel aus der amerikanescher Arméi, déi net senger Meenung sinn, géif hie kuerzer Hand entloossen an duerch méi genehmer ersetzen.

An dann déi Ausso, déi mam Feier spillt: "D'Wale sinn truquéiert an ech kennen d'Resultat nëmmen un, wann ech gewannen." A wann net? Kënnt et dann zu engem Biergerkrich an den USA? Eng vun de Grondregele vun enger Demokratie ass et nun emol, datt de Verléierer - a mat him all déi Leit, déi hie gewielt hunn - eng Defaite unerkennt. De Risiko vun enger gewaltbereeter Bewegung vu frustréierten Trump-Wieler ass reell.

Fir dat do, all déi Affer?

Wat fir ons Europäer vu grousser Wichtegkeet ass, ass de Schued, deen den Amerikaner hiert Bild am Ausland geholl huet. All véier Joer ass de Presidentewahlkampf an den USA déi weltwäit Vitrinn, an där d'Amerikaner hir demokratesch Wäerter a Prozedure weisen. Dat ass awer dës Kéier grëndlech schif gaangen. Besonnesch an deene Länner, an deenen d'Amerikaner hiert Verständnis vun Demokratie erbäigebommt hunn, sinn d'Leit fassungslos. Fir dat do, all déi Affer?

Den US-Ausseminister John Kerry sot kierzlech zu London viru Studenten, d'US-Wahlcampagne wier "downright embarrassing". Hie géif elo scho spieren, wéi vill si dem Bild vun Amerika an der Welt geschuet hätt. Am Walkampf huet Amerika sech als Muecht duergestallt, déi ënnergeet. Déi moralesch a politesch bankrott ass. China a Russland stinn an de Startlächer.

De 45. President vun der Vereenegte Staaten wäert op ville Fronten ze kämpfen hunn, souwuel doheem wéi dobaussen. Dofir schéngt et - op mannst - onvirsiichteg, ee Mënsch wéi den Donald Trump ze wielen, deen op d'Fro wien hien an der Aussepolitik beréit, geäntwert huet: "Ech schwätze mat mir selwer als éischten, well ech hunn e ganz gudde Kapp - a very good brain - an ech hu scho villes gesot". Dozou ass näischt méi ze soen.