Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Transition Days am Mäerz

Alternative fir d'Gesellschaft

D'Transition Days am Mäerz

D'Transition Days, déi iwwer néng Méint lafen, setzen sech fir eng méi ekologesch a sozial Welt zu Lëtzebuerg an. Am Mäerz ginn et Aktivitéiten ëm Mobilitéit an urban Entwécklung.

auto_stories

1 min

De Fokus vun dësem Mount läit op den Theeme Mobilitéit an urban Entwécklung.

Den 20. Mäerz geet et lass mat enger Velorutioun - ee Wuertspill, zesummegesat aus Velo a Revolutioun. Vu 15 Auer un geet ee Veloscortège vum Café Pitcher zu Esch/Uelzecht lass a fiert bis iwwer d'Grenz, fir op déi schwiereg Situatioun fir Pendler opmierksam ze maachen. D'Velorutioun, och nach Critical Mass genannt, ass een internationaalt Mouvement, fir méi Plaz a méi Sécherheet fir Velosfuerer op de Stroossen ze revendiquéieren.

Zwee Deeg drop, den 22. Mäerz gëtt eng Online-Konferenz organiséiert, am Kader vum grousse Projet "Luxembourg in Transition" vum Ministère fir Energie a Planung. An der Konferenz "Prospects for a regenerative city landscape", organiséiert vun engem multidisziplinären Team aus Fuerscher an Unis-Proffen, geet et ëm Iddien a Visioune fir een dekarboniséiert Lëtzebuerg am Joer 2050. D'Konferenz - op Däitsch a Franséisch - geet um 19.30 lass, et soll ee sech am Viraus umellen.

All Mount ginn et dann nach eng Rei Challengen, wou ee säin ekologescht Verhale fir sech teste kann.


Méi Informatiounen zu den Transition Days an den eenzelen Eventer fënnt een ënner www.transitiondays.lu