Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Tragedie vun der Marmolata

Klimawandel an Italien

D'Tragedie vun der Marmolata

Italien ass eent vu wéinege Länner, dat nach kee Plang ugewannt huet, fir sech op zukünfteg Klimakatastrophen ze preparéieren. Dobäi gëtt de Klimawandel esou lues ee richtege Problem fir d'Land: Virun zwou Wochen ass an den Dolomitten ee Gletscher ofgebrach, eelef Mënsche si gestuerwen. Dës Tragedie verschäerft d'Debatten ëm de Klimawandel an Italien.

auto_stories

3 min

Virun zwou Wochen ass an den Dolomitten ee Gletscher ofgebrach, eelef Mënsche si gestuerwen. Foto: Circumnavigation (Bigstock)

Italie leit ënner héijen Temperaturen, an de leschte Woche waren et dacks méi wéi 40 Grad. Verschidde Regiounen hunn an der Tëschenzäit den Noutstand ausgeruff, d'Waasser ass mëttlerweil rar.

Klima-Debatt verschäerft sech

D'Debatt ëm de Klimawandel ass an Italie voll am Gaangen. Wéinst der Tragedie an der Marmolata verschäerft si sech nach weider.

Den Alpinist Reinhold Messner - den éischte Mann, deen de Mount Everest ouni Sauerstofffläschen eropgeklommen ass - seet an engem Interview vu RaiNews24 datt, senger Meenung no, d'global Hëtzt déi klëmmt a klëmmt d'Ursaach vum Gletscherbroch wier:

"An dës Hëtzt, d'Waasser an d'Äis, dat do hänkt, sinn erofkomm an hu Steng mat ewechgerappt. Et ass wierklech eng Mass u Material erofkomm an déi, déi ënnert der Linn vun dëser omicidialer Lawin stoungen, haten net vill Méiglechkeeten fir z'entkommen."

Experte ginn hiren Avis

Verschidden Experten, ewéi de Klimatolog a Meteorolog Luca Mercalli soen, datt een net hätt kënne virauszegesinn, datt et genau op deem Bierg esou dramatesch géif endegen. Et wier wouer, datt d'Gletscher säit Joren ënner Stress wieren. D'Marmolata hätte si awer als onproblematesch betruecht.

Et wier net fir d'éischt an Italien, datt Gletscher ofgebrach wieren - mee bis elo wäre glécklecherweis keng Leit ëm d'Liewe komm. De Luca Mercalli seet awer och kloer, datt de Klimawandel eng Tatsaach ass. Wien dat géif ofstreiden hätt einfach nëmmen Angscht sech senge Responsabilitéiten ze stellen.

Tragedien, wéi déi vun der Marmoalta oder ëmmer méi extrem Dréchenten beonrouegen d'Italieener an déi ganz Welt. De Mieresbiolog Antonio Pusceddu vun der Universitéit vu Cagliari, erkläert am italieenesche Fernsee RAI, datt am Kontext vum Klimawandel esou Prozesser immens séier oflafen an et dofir een immens groussen Asaz erfuerdert, fir géint si unzekämpfen. Dëst wier awer eng Saach déi presséiert:

"D'Zäit déi iwwreg bleift fir ze vermeiden, datt alles verluer ass, ass wierklech knapp, wann iwwerhaapt nach Zäit iwwreg bleift. Mir musse séier a Richtung Energieeffizienz, CO2-Reduzéierung an Notzung vun erneierbaren Energie goen. Fir ze vermeiden, datt et zu enger Zukunft kënnt, an där ee bal net op eisem Planéit ka liewen."

Italien huet nach kee Klima-Plang

Enger Studie no misst Italien d'Investissementer verduebelen, fir bis 2050 d'Klima-Ziler z'erreechen. Den nationale Plang vun der Upassung un de Klimawandel (Piano nazionale di adattamento ai Cambiamenti Climatici) vum Minister vun der Ökologescher Transitioun, ass zanter 2018 nach ëmmer net approuvéiert ginn.

Italien bleift esou eent vun den eenzege Länner, dat nach kee Plang ugewannt hunn, fir sech op zukünfteg Klimakatastrophen oder Problemer déi vun dëser Kris entstinn ze preparéieren.