Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Sucht ass d'Spëtzt vum Äisbierg"

Drogen

"D'Sucht ass d'Spëtzt vum Äisbierg"

Drogesucht ass vill méi e komplexe Problem, wéi d'Leit mengen. Dat huet de Romain Pauly a senger laangjähreger Erfahrung gemierkt. Hien ass Direkter vum "Centre Thérapeutique Manternach Syrdall Schlass". Hie geet no 32 Joer an d'Pensioun.

auto_stories

2 min

Wéi bei all Äisbierg wier d'Spëtzt kleng. Ënnen drënner wiere relativ vill Problemer, sou de Romain Pauly. "Aus menger Siicht verstoppt d'Ofhängegkeet vill aner Problemer, déi sech eréischt weise wann d'Patiente bis bei eis sinn." Dat géif d'Behandlung och vill méi komplex maachen.

D'Leit, déi an de "Centre Thérapeutique Manternach Syrdall Schlass" kommen, wiere scho relativ wäit an der Ofhängegkeet dran. Am Prinzip géifen d'Patienten tëschent dräi Méint an engem Joer do bleiwen. Den Alldag wier ustrengend fir d'Patienten. "Do ass net dee ganzen Dag Freed. Do ass Beschäftegung ugesot, mir schwätzen iwwert d'Zukunft an d'Vergaangenheet, an do komme mat Sécherheet Leit a Krisen". Well just duerch Krise wieren Ännerunge méiglech, mengt de Romain Pauly.

Emotional Relatiounen

D'Patiente misste sech als éischt eemol an ee strukturéierten Dagesoflaf gewinnen. Nodeems Si de "Centre Thérapeutique" verlooss hu wier et wichteg datt si weider begleet ginn. "Also Dir ännert Äert Liewen net, wann Dir dräi Méint Therapie maacht. Mir hunn d'Méiglechkeet bei eis fir eng Postkur ze maachen". Do wier d'Betreiung zwar minimal, mee et wéilt een d'Leit net op d'Strooss setzen. Dozou géifen och Réckfäll gehéieren.

Verschidde Leit géife méi dacks an d'Therapie zeréck kommen. Do géif een dann och emotional Relatioun opbauen."Dat mécht eis Professionalitéit awer aus, do muss ee sech a Fro stellen a léiere wéi een domadder ëmgeet".

Genuch Ufuerderunge stellen

Méi generell bedauert de Romain Pauly datt den Drogenofhängegen ëmmer manner Ufuerderunge gestallt ginn. Virun 32 Joer hätten d'Leit nach méi Ressource gehat. "Mir mussen oppassen datt mir net guer näischt méi verlaange vun eise Leit. Wat s de manner verlaangs, wat s de manner kriss. Wa mir Leit hunn déi Schwieregkeeten am liesen a schreiwen hunn, da soe mir him e misst an de Cours goen. Soss géif en net goen".