Tourismussecteur D'Stëmmung an der Hôtellerie an op de Campingplazen ass gutt

D'Stëmmung an der Hôtellerie an op de Campingplazen ass gutt. Déi national Agence Luxembourg for Tourism geet dovun aus, datt 2022 e gutt Joer fir den Tourismus zu Lëtzebuerg gëtt. An trotzdeem hunn déi aktuell Krisen an Corona en Impakt op de Reesboom zu Lëtzebuerg.

Ana Angel / cz

Sebastian Reddeker
De Sebastian Reddeker ass Direkter vu Luxembourg for Tourism.

D'Reesverhalen huet sech verännert; dat géif ee kloer gesinn, esou den Direkter vun der Agence "Luxembourg for Tourism", Sebastian Reddeker. Zanter der Pandemie géif sech ëmmer méi weisen, datt d'Leit gären an hire Vakanzen aktiv sinn. Wanderungen a Vëlosreese sinn ugesot. Dat gëlt och fir Touristenattraktiounen.

Et géifen erëm bal sou vill Leit Buergen a Schlässer besichen, wéi 2019 an och bei de Visite guidées wier eng croissance ze gesinn.

Den Dagestourismus klëmmt, de Geschäftstourismus ass nach net op Vir-Krisen-Niveau

Am Duerchschnëtt bleiwen d'Touristen dem Statec no 7,8 Nuechten zu Lëtzebuerg. Den Dagestourismus ass, par rapport zu 2021 geklommen: 67 Prozent méi Leit aus dem Ausland komme fir een Dag op Lëtzebuerg. E kloren Ënnerscheed zu virun der Corona-Pandemie mierkt ee virun allem beim Geschäftstourismus, esou de Sebastian Reddeker.

Et géifen och Prognose ginn, déi viraussoen, datt 30 Prozent vum Geschäftstourismus och iwwerhaapt net méi géifen zeréckkommen, well sech d'Aart a Weis ze schaffe geännert huet.

D'Touriste gi manner Suen aus

Mee och déi aktuell Kris géife sech bemierkbar maachen, sou de Sebastian Reddeker; Corona wier nach net ganz eriwwer, de Krich an der Ukraine an d' Inflatioun géifen zwar net direkt déi reell Präisser vun der Hôtellerie an d'Luucht drécken; et géif een et awer um Verhale vun de Leit mierken.

Gutt een Drëttel vun de Lëtzebuerger Hoteller a Campingen hätten an enger Etüd gesot, datt d'Touristen op der Plaz manner Sue géifen ausginn.

"Also sichen d'Leit lo awer lues a lues verschidde Strategien - Verschiddener reese manner, méi kuerz, méi no, an anerer, déi da sur Place spueren, wa se do sinn. Do gëtt et awer schonn ee relativ remarkabelen Undeel vu Leit, déi ufänken do ze spueren, wat ech och verstinn, mir musse kucken, datt mir doraus eis Konsequenzen zéien."

Lëtzebuerg dat ganzt Joer iwwer promovéieren

Fir den Direkter vu Luxembourg for Tourism, ass eng Léisung, Lëtzebuerg virun allem an der Groussregioun als Destinatioun dat ganzt Joer iwwer ze promovéieren a sech net just op de Summer ze konzentréieren. Dat géif och déi concernéierte Betriber a Sitten entlaaschten. Och den ëffentleche Verkéier misst ee weider stäerken, sou nach de Sebastian Reddeker.

Méi zum Thema

Camping Liefrange 2.jpg
Previsiounen fir 2022

D'Tourismus-Saison 2022 ass lancéiert. Mee kann een duerch d'Lackere vun de Coronamesuren zu Lëtzebuerg nees mat engem méi héijen Undrang un Touriste rechnen?

Camping Bur
Héichwaasser

Dräi bis véier Campinge wäerten net nees kënnen opmaachen, seet de Sebastian Reddeker. Déi meescht Campingen, déi vum Héichwaasser betraff waren, sinn awer an Tëschenzäit nees op.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen