Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stad Lëtzebuerg als Metropol

Fräie Mikro

D'Stad Lëtzebuerg als Metropol

Spéitstens zanter dem Ufank vun dësem Joerhonnert, also zanter elo 20 Joer, gëtt et däitlech, datt eis Haaptstad sech zur Metropol entwéckelt. Den Zentrum profitéiert enorm vun där Entwécklung, awer si setzt en neit Denken an eng nei Verantwortung viraus. Dat musse mir erkennen an dann déi richteg politesch Konsequenzen zéien, seet de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

3 min

D'Stad Lëtzebuerg huet ronn 120.000 Awunner. Dat ass, am internationale Vergläich, eng Provënzstad: wéi Metz oder Tréier, vill Klenger wéi z. B. Saarbrécken oder Dijon. Allerdéngs: Zum direkten Anzuchsgebitt vun der Stad gehéiert haut alles, wat bannen dem Contournement läit - an doriwwer eraus Agglomeratioune wéi Mënsbech oder Mamer.

Ausserdeem wiisst offensichtlech déi héich aktiv Géigend tëschent Belval an dem neie Stadion zesummen. Süden an Zentrum spillen dann an der Kategorie vu Stroossbuerg oder Karlsruhe. Staark wirtschaftlech Zentre vun där Dimensioun hunn eng Stralungswierkung vun 100 km iwwer hiren Zentrum eraus.

Gemeinsam Problemer

Vill vun de Problemer, déi d'Lëtzebuerger ploen, si ganz zäitgeméiss Problemer vun de Metropolen: Gentrifizéierung am Zentrum, onerschwénglech Immobiliepräisser fir d'Mëttelschicht, wäit Weeër bis zur Aarbechtsplaz, vill Stau, staark gefillten Inegalitéit - och a grad do, wou et de Leit vergläichsweis gutt geet. All déi Suergen hunn d'Leit och zu München an zu Bréissel, vu Paräis oder London guer net ze schwätzen. Mee et betrëfft net nëmmen d'Lëtzebuerger.

Am däitlechste manifestéiert dat sech bei deenen 200.000 Frontalieren, déi all Dag an d'Land kommen, fir hei de schaffen. Si bilden haut schonn 43 Prozent vun alle schaffende Leit. Bannen den nächsten zéng Joer wäerte si méi wéi eng Aarbechtsplaz vun zwou hei am Land besetzen. Dat Phenomeen huet och staark Auswierkungen op déi Gemengen a Regiounen, aus deene si ureesen.

Jiddweree géif gär e Wuert matschwätzen

Mir missten also d'Anzuchsgebitt gemeinsam mat eisen Noperen organiséieren, esou datt d'Leit an enger koherenter Groussregioun kënne liewen a schaffen, wunnen a sech transportéieren. Wann een de Retard gesäit, dee mir eis intern beim Aménagement du territoire a bei den Infrastrukturen agehandelt hunn, dämmert et engem, wéi schwéier mir eis wäerten dinn, fir dat iwwer eis Grenzen eraus ze plangen.

Well wie vun der Place d'Armes aus mam Zierkel e Krees vun 100 km Radius zitt, beréiert véier Länner, eng hallef Dose regional Strukturen, belsch Provënzen, franséisch Departementer an däitsch Länder, an natierlech Honnerte vu Gemengen. Si all si betraff, wann och ganz ënnerschiddlech, si all géife gär a Wuert matschwätzen. Schonn am Mee d'lescht Joer haten d'Buergermeeschtere vun Tréier a Metz e gemeinsame Bréif un hir jeeweileg Staats- a Regierungscheffen adresséiert, an deem si wéinst engem Steierausgläich ëm politesch Ënnerstëtzung bieden.

D'Entwécklung vun der Groussregioun

Allerdéngs wier et mat engem Virement an d'Blannt eran net gedoen. Wann eis Metropol sech iwwer eis Grenzen eraus erstreckt, da reechen eis vital Interessen an och eis wirtschaftlech a finanziell Verantwortung wäit iwwer d'Grenze vun eiser politescher Souveränitéit eraus.

Mir brauchen deemno eng Visioun dovun, wéi déi Groussregioun sech entwéckele muss, fir datt d'Metropol sech entwéckele kann. Mir mussen déi Visioun mat eisen Noperen deelen a mussen da prett si si finanziell bei deenen dofir néidegen Infrastrukturen ze ënnerstëtzen. Bëlleg gëtt dat net, an ouni eng gemeinsam Gouvernance vun esou engem Projet geet et och net. Mee wa Lëtzebuerg keng Iddien dozou entwéckelt, geréit et deemnächst staark an d'Defensiv.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.