Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Situatioun am Hafe vu Piräus

Flüchtlingskris

D'Situatioun am Hafe vu Piräus

Bal 150.000 Mënsche sinn zënter Ufank vum Joer vun der Tierkei aus iwwert d'Mier a Griicheland komm. De Gros vun hinne kommen aus Syrien. Ënnert de Migrante sinn ëmmer méi Fraen a Kanner. Zënter verschidden europäesch Staaten hir Grenzen zougemaach hunn, stiechen dës Mënschen a Griicheland fest. Reportage am Hafe vu Piräus iwwert d'Situatioun vun den dausende Leit, déi do ee provisoreschen Ënnerdaach fonnt hunn.

Alkyone Karamanolis, md



--> --> -->

auto_stories

6 min

Zelter, souwäit ee kucke kann, op de Parkplazen tëschent Container, nieft dem Waasser vum Hafen. Ze liicht gekleete Kanner lafen hinn an hir. Ee Jong schleeft begeeschtert de Won vun engem Stroossekierer. Op den Zonken hänke Kleeder fir ze dréchnen. Eng 15.000 Mënsche liewen de Moment um Areal vum Hafe vu Piräus, an Zelter, déi fir de Summer geduecht sinn an net de wanterlechen Temperaturen ugepasst sinn – scho guer net dem Reen.

Deen heite Mann ass ee vun de wéinege Glécklechen, déi eng Plaz am Schlofsall fonnt hunn. “Zënter engem Mount an zéng Deeg sinn ech a Griicheland”, sou de 36 Joer ale Mann. Dräi Woche laang wier hien zu Idomeni gewiescht, ass dunn awer op Athen zeréck komm fir seng Kandidatur fir eng Plaz am Ëmsiddlungsprogramm ze stellen. “Soulaang wëll ech am Hafe vu Piräus bleiwen”.

D'Zivilgesellschaft bréngt d'Erfahrung aus der griichescher Wirtschaftskris mat

Eng aner Méiglechkeet hätt de Mann och net, et géif un Opnamplaze feelen, confirméiert d’Stella Nanu vum UNHCR. “Fir 55.000 Flüchtlingen, déi am Land sinn, gëtt et maximal 36.000 Plazen. Dat ass natierlech eng riseg Erausfuerderung, an de Problem léisst sech net vun engem Dag op deen anere léisen.” D’Autoritéite géifen awer no anere Méiglechkeete sichen. Den Héije Kommissariat fir Flüchtlinge vun de Vereente Natioune géif hëllefe wou e kéint, mat Knowhow a Material fir de Mënsche sou séier wéi méiglech propper Openthaltsplazen unzebidden – de Moment déi héchste Prioritéit.

Bis dohi spréngt d’Zivilgesellschaft an. Hei ass et d’Piräus-Initiative. Wéi den Hafe just eng Transitstatioun war fir weider bei déi griichesch-mazedonesch Grenz, haten se Téi verdeelt. An der Tëschenzäit géifen se ronderëm d’Auer hëllefen, dobäi géife se sech op hir Erfahrung aus der griichescher Kris stäipen, sou ee vun de Bedeelegten. “Wéi d’Flüchtlingskris ugefaang huet, hate mer Kleederlager, Medikamenter, fräiwëlleg Dokteren a soss Benevoler”.

D’Iesse gëtt zënter kuerzem vun der griichescher Arméi geliwwert. Datt d’Flüchtlingen zu Piräus bleiwen huet iwwerdeems méi Grënn. Virun allem d’Leit, déi zu Idomeni campéieren, ginn an d’Opfanglager bruecht. Wee vu Piräus aus eng Plaz wëll muss waarden. Anerer waren an den éischte Lager ënnerbruecht, d’Konditioune waren deels katastrofal. Vill sinn zu Fouss zeréck bei den Hafe komm.

D'Flüchtlinge kaschte méi wéi d'Spuermesure bei de Rente sollen abréngen

Bis den Ufank vun der Tourismus-Saison soll den Hafe geraumt sinn. Dag fir Dag ginn eng 500 Plazen an Opnamlager geschaf. Doriwwer eraus kommen op Griicheland gewalteg Aufgaben duer. Déi griichesch Asylautoritéit huet nëmmen 260 Beamten. Dobai ass d’Zuel vun den Demanden d’lescht Joer am Verglach zum Joer virdrun ëm 40% geklommen. D’Flüchtlingskris huet de Staatsbudget ëm ongeféier zwou Milliarden Euro belaascht. Dat ass méi wéi d’Spuermesuren am Rentewiesen, iwwert déi de Moment gestridde gëtt, sollen abréngen.

Heiansdo sinn et awer ganz einfach Saachen, déi d’Situatioun entspanen. Fir der Desinformatioun vun de Flüchtlingen duerch onserieux Noorichten um Netz entgéint ze wierken, sent de staatleche griichesche Fernseh zënter kuerzem och op arabesch, all Dag no den Haaptnoriichten.