Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Situatioun gëtt ëmmer méi eescht"

Interview mat Amnesty International

"D'Situatioun gëtt ëmmer méi eescht"

D'Situatioun vun der griichescher Flüchtlingspolitik ass alarmant, esou d'Mënscherechstorganisatioun Amnesty International. D'Adriana Tidona ass eng Migratiouns-Wëssenschaftlerin an erkläert eng Situatioun, déi si ganz kritesch gesäit.

auto_stories

5 min

Lara Bousch: Kënnt Dir mer erklären, wat sech rezent am Asylgesetz geännert huet?

D'Migratiouns an d'Asylgesetz gouf am leschte Joer zwee Mol signifikant geännert. Déi nei Reegelen a Griichenland maachen et Asylsichende vill méi schwéier, d'Asyl Prozedur ze duerchlafen. Et goufen méi Ausnamen ageféiert, bei deenen eng acceleréiert Asyl Prozedur benotzt ka ginn. Dëst bedeit meeschtens méi niddrege Garantië fir d'Asylsichend, well si manner Zäit hunn fir den Obligatioune vun der Prozedur nozekommen. Dëst ass scho kritesch ze betruechten.

Déi nei Reegelen hunn och en Impakt op vulnerabel Gruppen. An de fréiere Legislatiounen huet Griichenland Mënsche mat posttraumateschem Stress Syndrom als vulnerabel ugesinn. Doduercher krute sI méi Sécherheetsmesuren. Bei den neie Reegele gi Mënschen mat PTSD aus dem Grupp vu vulnerabelen Asylsichenden ausgeschloss. Hire Besoin vu besonnesche Mesurë gëtt also net méi ugesinn. Och dëst ass zimmlech problematesch.

Wat d'Ënnerbréngunge vun Asylanten ugeet, wat huet sech dann do geännert a wéi betrëfft dat dës d'Mënschen?

Mënschen, déi als Flüchtlingen unerkannt sinn a Griichenland haten soss sechs Méint vum Dag u wou si unerkannt goufen, bis zu deem Dag, wou si hir Ënnerbréngung musse verloossen. Dëst Joer am Mäerz goufen dës sechs Méint op 30 Deeg reduzéiert. Dat heescht, datt d'Leit ganz wéineg Zäit hu sech ze arrangéiere fir hiert Doheem ze verloossen, eng nei Ënnerbréngung ze fannen, déi si loune kënnen an en Job ze fannen, mat deem si iwwer d'Ronne kommen. Et ginn Dausende vu Mënschen, déi dovunner betraff wäerte sinn an den nächste Wochen. D'UN-Flüchtlingsorganisatioun an aner Hëllefsorganisatiounen hunn all hir Suerg ausgedréckt. Dës Mesure kreéiert e signifikante Risk fir d'Obdachlosegkeet a potenzieller Aarmut. Virun allem well de Sozialsystem an d'Integratiounsmesuren nach ëmmer net staark genuch sinn, bzw net genuch Capacitéit hu fir all déi Mënschen am Besoin opzefänken.

Déi problemateschst Verännerung, déi an der griichescher Legislatioun gemaach gouf, huet mam Regimm vun der Detentioun vun Asylsichenden ze dinn. An der neier Legislatioun ass d'Detentioun vun Asylsichenden automatesch, wann hiren Asyl Antrag ofgeleent gëtt. Dëst verstéisst géint d'Prinzippie vun internationalem an europäeschem Recht an deem Sënn, datt d'Detentioun vun Asylsichenden nëmmen an exzeptionelle Fäll soll applizéiert ginn. Et soll nëmmen applizéiert ginn, wann et keng weider Alternativ zu manner invasive Mesurë gëtt, déi dat selwecht Resultat hätten. Dëst ass extrem problematesch an eppes, wou mir eis als Amnesty dergéint ausgeschwat hunn. Virun allem well Detentioun wärend der Covid-19-Pandemie mat méi héije Risike verbonnen ass fir Asylsichender a Mënschen, déi sech generell an Detentioun befannen. Dëst ass also eppes, wat mir als zimmlech onverantwortlech vun der griichescher Säit jugéieren.

Déi aner Ännerung, iwwer déi Dir geschwat hutt, sinn Ännerungen am Ëmgang mat Mënscherechtsorganisatiounen. Kennt Dir eis zielen, wat sech do geännert huet?

Am Abrëll huet Griichenland eng ministeriell Decisioun adoptéiert, déi Hëllefsorganisatiounen, déi am Beräich vun Asylhëllef an Immigratioun schaffen, nei Konditiounen imposéiert. 2018 hat Griichenland schonn e Register geschafen, an dat Hëllefsorganisatiounen sech aschreiwen. Dëst ass also keng nei Prozedur. Wat awer nei ass, ass eng zweet Aschreiwung, déi alleguerten d'Memberen an d'Associéë vun enger Organisatioun oplëschte soll. Dat heescht also, all déi Mënschen, déi enger NGO hëllefen oder participéieren, an dëst gëtt dem Staat vill Méiglechkeeten ze iwwerwaachen, wien wat mécht, an enger NGO. All d'Hëllefsorganisatiounen, déi am Beräich vu Migratioun, Asylhëllef a sozialer Integratioun schaffen, musse sech aschreiwen fir schaffen ze kënnen.

Mir hunn eng Rei vu Problemer mat dëser neier Reegel, dëst fänkt dobäi un, datt dës Reegel offensichtlech diskriminant ass, well se nëmmen op Organisatiounen applizéiert gëtt, déi am Feld vu Migratioun, Asylhëllef a sozialer Integratioun schaffen. Et gëtt keen Equivalent zu aneren Organisatiounen, déi net an dësem Beräich schaffen. Zweetens kann dës an der Praxis en Effekt op déi ganz Zivilgesellschaft hunn, well d'Ufuerderungen esou komplex sinn, datt se zum Hindernis kënne gi fir Hëllefsorganisatiounen. Plus, e puer vun de Konditioune soen, datt d'Organisatioun beweisen oder Dokumenter noweise muss, déi hir Existenz an den zwee leschte Joer beleet. Duerch d'Beschränkung op zwee Joer heescht dat, datt méi nei Hëllefsorganisatiounen am Fong ausgeschloss ginn. Wat mir wierklech problematesch fannen, ass, datt den zoustännege Sekretär Organisatiounen oder hire Membere d'Aschreiwung verwieren kann, op Basis vun Perséinlechkeetsaspekter an Aktivitéiten vun dësen. Mir fäerten also, datt Organisatiounen ausgeschloss kéinte ginn aus diskriminatoresche Grënn, wéi Meenungfräiheet, an dëst féiert erëm zu engem Bedruch vun der Zivilgesellschaft.

Mir denken, datt dëst decidéiert gouf, well d'Stëmmung an d'Rhetorik ronderëm Hëllefsorganisatioune sech am leschte Joer ëmmer méi verschlëmmert huet. Et gëtt also ëmmer méi schwéier fir Asylsichender Protektioun a Griichenland ze fannen. An dëst gouf vun Europa net besonnesch kritiséiert bis elo. Virun allem wann et op de griichesche Grenzen Akte vu Gewalt gouf, ass Europa zimmlech spéit doranner, dës ze denoncéieren.

Hutt Dir d'Gefill, datt dëst eng nei Situatioun ass?

Mir hu gesinn, wéi Europa hir Kontroll iwwer d'Migratioun extern ofginn huet an acceptéiert huet, datt de Management vun der Migratioun op de Schëllere vu Länner op der europäescher Grenz oder souguer ausserhalb vun dëser Grenz läit, an dëst mëttlerweil fir eng wierklech laang Zäit. Mir gesinn zimmlech kloer, wéi gewësse Situatiounen ëmmer méi seriö ginn.