Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionel Richie - Dancing On The Ceiling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Situatioun an der Belsch

Corona-Kris

D'Situatioun an der Belsch

Zanter dësem Weekend sinn an der Belsch d'Restauranten an d'Caféen zou, an eng Rei Provënzen hunn eng Ausgangsspär tëschent Mëtternuecht an fënnef Auer moies ageféiert.

auto_stories

3 min

Natasha Ehrmann: D'Situatioun bei eisen Nopere wier déi schlëmmsten a ganz Europa, heescht et. Ass dat esou?

Georges Kohnen: Also, wat d'Zuele vun den Intensivbetter an de Klinicken ugeet, esou ass d'Situatioun effektiv scho schlëmmer wéi Mëtt Mäerz, wéi de Lockdown decidéiert gouf. Deemools waren ca 150 Patienten an intensiver Behandlung, momentan sinn et der ronn 500.

Déi Zuele géife sech fir de Moment all zwou Woche verduebelen, esou datt ouni nei Moossnamen an engem Mount eng Saturatioun vun den Intensivstatiounen ze fäerten ass. Allerdéngs läit d'Mortalitéit vum Virus bei dëser sougenannter "deuxième vague" däitlech ënner dem Taux vum Fréijoer.

Déi nei belsch Regierung huet keng Zäit verluer an direkt ganz restriktiv Mesuren decidéiert?

Jo, dëse Sonndeg den Owend goufen all d'Caféen a Restauranten am Land fir ee Mount zougemaach, Kontakter pro Awunner op eng eenzeg Persoun ausserhalb vum Stot limitéiert, an de Verkaf vun Alkohol no aacht Auer owes verbueden. Den Teletravail ass erëm obligatoresch, wann et méiglech ass, an eng Rei Provënzen hunn och verbueden, tëschent Mëtternuecht a fënnef Auer moies erauszegoen, ausser et ass fir d'Aarbecht oder an dréngende Fäll.

Déi Mesurë gi virun allem vum Restauratiounssecteur als ongerecht betruecht, well de Secteur vill investéiert hat, fir de Reegele gerecht ze ginn. D'Regierung huet Hëllefe versprach, mee och betount, datt d'Zil wier, en neie Lockdown ze verhënneren, an och d'Schoulen net méi mussen zouzemaachen.

No der Pressekonferenz vun der Regierung d'lescht Woch waren awer och éischt Kriticken aus den eegene Reien ze héieren. Esou huet de liberale Minister vum Mëttelstand a vun de Fräiberuffler David Clarinval sech offiziell vum Zoumaache vu Caféen a Restauranten distanzéiert.

Nëmmen eng Woch no de leschte Moossname kéint d'Regierung dëse Freideg schonn nei Mesuren decidéieren?

Muer versammelt sech effektiv de sougenannte Comité de concertation, e Gremium mat Vertrieder vu Federalstaat a Regiounen. Hei soll déi aktuell Situatioun nei ageschat ginn an d'Konditiounen eventuell verschäerft ginn. Och wann eng Rei Epidemiologen en neie Lockdown recommandéieren, esou sinn déi flämesch a wallounesch Ministerpresidenten domat net d'Accord. Wéinstens 20 Milliarden Euro géif en neie Confinement d'Belsch kaschten, an engem Land, dat momentan 524 Milliarden Euro Schold huet, ca 115 Prozent vum PIB. D'Hausse vun der Schold dëst Joer ass schonn iwwer dat duebelt vum Impakt vun der Finanzkris vun 2008.

Et ass och nach ze fréi fir méi radikal Moossnamen anzeféieren, éier d'Resultat vun de leschte Changementer ka gemooss ginn. Déi ganz Belsch Populatioun waart gespaant op d'Annoncen no der Reunioun vu muer.