Chronik D'Schéier tëschent Aarm a Räich

De Maurice Molitor beschäftegt sech mat där faméiser Schéier tëschent Aarm a Räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi wäit auserneegeet. A fir an d'Theema eranzeklammen, verzielt hie vun enger perséinlecher Renconter, déi säi Bléck op de Sujet zwar net ganz verännert, mee ëm eng wesentlech Dimensioun erweidert huet.

Maurice Molitor / cz

Kommentar Maurice Molitor

Am Summer hunn ech de Juan kenne geléiert, e Jurist, Kolumbianer, deen déi lescht aacht Joer an Däitschland gelieft huet. Hie war komm, mat engem Subsid aus der Heemecht, fir sech hei am europäesche Recht ze spezialiséieren; et ass eng Doktoraarbecht draus ginn. Déi ass elo esou gutt wéi fäerdeg, d'léscht Woch goung de Fliger heem.

De Juan kënnt aus privilegiéierte Verhältnisser: seng Eltere sti sech es gutt, si gehéieren zu der Upper Class, haten ëmmer Personal doheem, an hunn hir Kanner op Privatschoule geschéckt. Dat hat näischt mat Snobismus ze dinn, mee wann een a Kolumbien als "besser Famill" a Secherheet liewe wëll, muss ee sech ofgrenzen. Dat ass eben esou. A fir de Juan war dat och ëmmer normal, huet e mer verzielt, hien huet sech nie Froe gestallt, esou laang hien zu Bogota gelieft huet.

Mee elo, aacht Joer méi spéit, ass dat anescht. Ob hie sech géif freeën fir heem, hunn ech e gefrot. An zu menger grousser Iwwerraschung sot hien "Nee, net wierklech." "Wéi dann?" Ma hie wéilt am Fong nët, dass seng kleng Duechter an de Puppelchen, deen ënnerwee ass ... dass déi an enger Gesellschaft grouss ginn, an där d'Ënnerscheeder tëscht uewen an ënnen esou krass sinn - souguer wa seng Kanner d'office zu de Gewënner zielen, nëmmen duerch d'Famill, an déi se eragebuer goufen. Un Europa, speziell u Lëtzebuerg, hätt hien ëmmer déi grouss sozial Rou impressionnéiert, trotz den ënnerschiddlechen Originne vun de Leit, déi hei liewen.

Ëmmer méi Ongläichheet

Déi europäesch Experienz huet de Juan verännert: Wat fréier normal war, well hien et net anescht kannt huet, revoltéiert en elo. Woubäi him natierlech net entgaang ass, datt et och hei Privilegéierter ginn an aarm Däiwelen; där, deene villes an de Schouss fält, an där anerer, déi musse struewelen; Räicher an Aarmer eben. Mee d'Ënnerscheeder sinn hei natierlech vill manner ausgeprägt.

Nach si se dat. Well den Trend geet trotzdem an d'Richtung vun ëmmer méi Ongläichheet, och hei. Déi faméis Schéier tëscht Aarm a Räich (dat weist all Statistik) geet bei eis ëmmer méi wäit auserneen.

Et gëtt eng Theorie, déi seet, datt wann déi Räich méi räich ginn, dee méi grousse Wuelstand iergendwann och no ënnen duerchsickert. Dës Thes gëtt awer vun ëmmer méi Économisten a Fro gestallt, liest een. Deemno schéngt et éischter nom Motto "rien ne se perd, rien ne se crée: tout se transforme" ze lafen: dat wat uewe bäikënnt, geet iergendwou ënne verluer. Et "transforméiert" sech ... zugonschte vun deenen, déi schonn hunn.

Ierfschaftssteier aus gesellschaftlecher Solidaritéit

Wann dat mat deem automateschen Duerchsickeren net méi funktionéiert, kéint ee jo drun denken, nozehëllefen - am Intérêt vun der Saach. An déi Saach ass: sozial Cohésioun, den Zesummenhalt vun der Gesellschaft. Wann déi Räich ëmmer méi räich an déi Aarm ëmmer méi aarm ginn, da klaakt et iergendwann - dat ass esou sécher ewéi den Amen am Gebiet! D'Gilets jaunes a Frankräich hu gewisen, wéi séier et goe kann.

Dofir ass et vläicht awer net esou blöd, méi konkret z.B. iwwer eng Ierfschaftssteier nozedenken. Net fir déi Concernéiert ze kujinéieren, an hinnen d'Suen aus der Täsch ze zéien. Mee fir un hir Solidaritéit ze appeléieren: Wann ech 100.000 Euro ierwen, ass dat fir unzefänke jo emol eng fei Saach ... datt ausgerechent ech zu den "happy few" gehéieren, deenen esou eppes geschitt. A wann déi 100.000 Euro dann och nach mat (soe mer mol) 20 Prozent besteiert ginn, da si mer dach leschten Enns ëmmer nach 80.000 Euro einfach esou, ouni eppes dofir geleescht ze hunn, an de Schouss gefall. Oder? Dann hätten déi 20.000 Euro, déi ech ni hat, bäigedroen zu der Verhënnerung vun engem Problem, deen ech, meng Famill, déi ganz Gesellschaft nawell gutt enges Daags kéint kréien.

Konsequent no ënnen ëmverdeelen

Et hëlleft natierlech näischt, deenen engen eppes ewech ze huelen, wann een deenen aneren näischt bäigëtt. De Corollaire vun enger Ierfschaftssteier wier also eng konsequent Ëmverdeelung no ënnen vun deem wat uewen erakënnt. An do geet et am Endeffekt net just drëm, sozial manner gutt gestallte Leit méi Cash an d'Täsch ze ginn. Et geet och ëm hir Gesondheetsprophylax: Eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg huet nämlech gewisen, datt déi méi Aarm duerch hir Akommes-, Wunn- a Famillje-Situatioun psychesch disproportinnal méi staark ënnertdem Confinement gelidden hunn, sou datt hir mental Gesondheet also vill méi staark strapazéiert gouf wéi dat bei besser Situéierten de Fall war. An de Fait, datt si och nëmme wéineg Solidaritéit ze spiere kréien, an Zäite vu social distancing, huet d'Saach net onbedengt verbessert.

Et gëtt dee blöde Witz: Léiwer räich a gesond, wéi aarm a krank. Et wier jo schéin wann eis Gesellschaft net esou zynesch wier dee Sproch quasi als Fatalitéit fir boer Mënz ze huelen.

An der Mediathéik:

Chronik / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Etat de la Nation

An senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel annoncéiert, datt d'Stock Options an d'FISe reforméiert ginn. Et solle keng nei Steieren kommen, déi net Deel vum Koalitiounsaccord vun 2018 sinn.

Nora Back Riicht Eraus
Steierpolitik

D'OGBL-Presidentin Nora Back fuerdert méi Steieren op Verméigen a Kapitalrevenuen. Grad wéinst der Corona-Kris misst d'Regierung fir méi Gerechtegkeet am Steiersystem suergen.

Marc Baum Riicht Eraus
Déi Lénk

Fir de Marc Baum ass et eng Fro mat Sprengstoff, wéi d'Regierung wéinst der Coronakris wëll d'Staatsfinanzen am Grëff halen, sou den Acteur a Politiker vun déi Lénk a Riicht Eraus.

Frank Engel
Interne Sträit

De Frank Engel ass weiderhi President vun der gréisster Oppositiounspartei. Hie wéilt dat och bleiwen a géif um nächsten digitalen Parteikongress Mëtt Oktober keng Vertrauensfro stellen.

Frank Engel
Proposë vum Frank Engel

Den CSV-President Frank Engel hat eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersoune gefuerdert. Vertrieder vun de Majoritéitsparteie reagéieren ënnerschiddlech.

Frank Engel
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei

Den CSV-Nationalcomité ass elo mam Sträit iwwer dem CSV-President Frank Engel seng Steierproposë befaasst. An d'CSJ fuerdert en anere Leadership.

Frank Engel
Steierpolitik

De Frank Engel hat sech fir eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersounen ausgeschwat. Am Walprogramm vun 2018 stéing de Géigendeel, heescht et elo vu senger Partei.

Corinne Cahen
Regierungsaarbecht

D'Corinne Cahen hätt iwwerhaapt keen Zweiwel drun, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun et bis 2023 packt. Dat léich un engem "gudde Koalitiounsprogramm", mee och un enger grousser Kompromëssfäegkeet.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen