Fir déi ronn 200 Schüler an der Veianer Primärschoul gouf d'Rentrée haut vun enger Rei Sécherheetsmesurë begleet. Un der Virfreed fir d'Frënn nees erëm ze gesinn huet sech näischt geännert: d'Schüler si frou, hir Frënn erëm ze gesinn.
Normaalt Léieren an der Schoul
D'Schüler sinn och frou fir nees kënnen an der Schoul ze léieren, erkläert de Ricardo aus dem véierte Schouljoer. Fir hie war et komesch doheem ze léieren, do hätt een net esou gutt kënne léiere wéi an der Schoul. Wann hien eppes net verstanen huet, hätt hie senger Joffer misste schreiwen. "Dat hunn ech net esou cool fonnt", zielt hien.
Objektiv wier et elo méiglech Retarde bei de Schüler nees opzehuelen, esou den Andy Lutz, President a Schoulmeeschter zu Veianen. Elo misst ee kucken, wat d'Schüler kënnen an op verschiddener misst ee geziilt agoen. "Mee dat ass eng Situatioun, déi am ganze Land esou ass."
Maskeflicht an der Schoul
Zu Veianen ass de Mask obligatoresch, bis datt d'Kanner op hirer Plaz sëtzen. Dat wier net sou einfach, erkläert de Chris aus dem drëtte Schouljoer: et kéint een nämlech net gutt ootmen.
Am allgemengen hätte d'Kanner sech awer un d'Mask gewinnt, esou dem Andy Lutz säin Androck. Och d'Enseignanten hätte sech gefreet fir dës Rentrée nees normal Cours ze halen, erkläert den Andy Lutz. Um éischte Moien hätt et gutt geklappt: d'Eltere wieren um Courant gewiescht an d'Schüler wieren decaléiert eragaangen.
De President vun der Veianer Primärschoul hofft trotzdeem, datt d'Schoule geschwënn nees kënnen ouni Sécherheetsmesurë funktionéieren.